Gaardeschléifer, Siweschléifer an Hieselmaus

Matmaach-Aktioun a méiglech Schutzmoossnamen

Et geet ëm de Gaardeschléifer, de Siweschléifer an d’Hieselmaus, déi europäesch Vertrieder vun der Famill vun de Schléifer (ob däitsch Schläfer oder Bilche, op Latäin Gliridae), déi och zu Lëtzebuerg virkommen.

De Mouvement Ecologique an den Oekozenter Pafendall, an Zesummenaarbecht mat der ABIOL, der SNL an dem natur musée, wëlle mat Ärer Hëllef erausfannen, wou et nach iwwerall Gaardeschléifer, Siweschléifer an Hieselmais zu Lëtzebuerg gëtt. Esou kënne bestoend Populatioune besser geschützt an d’Uspréch déi dës Déieren un hire Liewensraum stelle besser identifizéiert ginn. Mat dëser Aktioun soll awer och op de Schutz vun hiere Liewensraim opmierksam gemaach a sensibiliséiert ginn.

D’Aktioun Schléifer knäppt un d‘Aktioun Kéisecker un, an erméiglecht jidderengem sech aktiv fir d’Schléifer an hire Liewensraum anzesëtzen.

Wie sinn d’Schléifer a firwat si se schützenswäert?

Dës nuetsaktiv Déiercher erkennt ee virun allem un hirem buschege resp. horege laange Schwanz. Se si Famill mat der Uerdnung vun de Knabberdéieren (Nagetiere), zu deenen z.B. d’Mais an d‘Kaweechelcher gehéieren, sti gläichzäiteg awer och den Huersenartegen no. D’Schléifer stinn hei zu Lëtzebuerg säit méi wéi 40 Joer ënnert Naturschutz. An trotzdeem ginn et der (europawäit) ëmmer manner. Dat läit engersäits dorun, datt hire Liewensraum an och hiert Nahrungsangebot iwwert déi lescht Joerzéngten ofgeholl hunn. Anerersäits läit et eventuell och drun, datt net jidderee frou mat hinnen ass, well se ënnert anerem och mol Vullennäschter ausraumen a sech am Daach vu bëschnoen Haiser oder a Schäpp ariichten. Fest steet awer: hiert Verschwanne wier ee grousse Verloscht. An dat net nëmme well si scho säit 50 Millioune Joer eis Äerd bewunnen. Zum Verglach: d’Gattung Homo, zu där de Mënsch gehéiert, gëtt et säit maximal 2,5 Millioune Joer.

3 Schléiferaarten zu Lëtzebuerg

De Gaardeschléifer

De Siweschléifer

D'Hieselmaus

Wëll se virun allem Nuetsaktiv sinn, ass iwwert d’Schléifer zu Lëtzebuerg net esouvill gewosst. Och d‘Bezeechnung als „Maus“ oder „Uebstrat“ wéist, datt vill Leit des Déieren nach ni zu Gesiicht kritt hunn an och net richteg wësse wouhin domat.

De natur musée huet vun 2009-2012 eng Etude iwwert d’Schléifer un der Musel duerchgefouert, wou et Plaze gëtt, wou déi 3 Aarten esouguer zesummen an engem Liewensraum virkommen. Dëst sinn oft verwëldert Wäibierger mat Dréchemauere laanscht d’Ofbrochkante vum Dolomitsteen (z.B. bei Gréiwemaacher).

Weiderhin huet den Emweltministère zesumme mam LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) säit 2010 eng systematesch Ënnersichung vun der Hieselmaus virgeholl, wëll des Aart op der Annexe IV vun der europäescher Habitatschutzdirektiv steet a Lëtzebuerg all 7 Joer den Zoustand vun dëser Aart op Bréissel mëlle muss. Heibäi ass erauskomm, datt d’Hieselmaus eigentlech nach méi heefeg ass, wéi Uganks geduecht. Suerge mécht awer, dass d’Liewensraim vun den 3 Schléiferaarte, wéi Hecken, Bongerten a natierlech Bëschränner amgaange sinn duerch Bebauung, intensiv Landwirtschaft a Forstwirtschaft zeréckzegoen.

Maacht mat bei der Aktioun – Méldunge vu Schléifer & natunoe Gaart uleeën

Mellt all Är Beobachtunge wou a wéini Dir e Schléifer gesinn hutt an/oder verwandelt Äre Gaart an ee Liewensraum fir d’Schléifer bzw. sëtzt Iech a fir een naturnoen Ënnerhalt vun den ëffentleche Flächen!

Matmaach Aktioun!

Am Asaatz fir de Schléifer

Tëschebilanz Aktioun Schléifer 2021

Stéckbréif & Schléifer ënnert dem Daach & Flyer zur Aktioun

Wou a wéi liewen d’Schléifer a wouhier kënnt eigentlech de Numm „Schléifer“? A wat maachen, wann ee Schléifer ënnert dem Daach huet?

Stéckbréif

Gaardeschléiferhaischen bauen

Online-Konferenz

Schléifer ënnert dem Daach – wat maachen?

Spurentunnel bauen!

Download de Flyer

Nossjuegt

Wéi klengt ee Gaardeschléifer? Hei krit Dir een ze héieren: https://www.gartenschlaefer.de/gartenschlaefer-infos/geraeusche/

De Gaardeschléifer a sengem natierlechen Ëmfeld. Flotte Video vum BUND:

https://www.youtube.com/watch?v=OBs6ZqgzZtA

Siebenschläfer und Co in Luxemburg: eine Broschüre herausgegeben vom Nationalmuseum für Naturgeschichte & Naturverwaltung. 

Aktioun vum Mouvement Ecologique an dem Oekozenter Pafendall, an Zesummenarbecht mat: