De Gaardeschléifer

De Gaardeschléifer (Eliomys quercinus, fr.: Lérot, Eliomys) och „Uebstrat“ genannt, ass eng Charakterart vun alen héichstämmege Bongerten. Virun allem do, wou hie Fiels- a Stengformatioune (z.B. och Dréchemaueren) fënnt. Do wou hien nach virkënnt, kann e staark Populatiounen opbauen.
D‘Deeg verschléift hien a Bamhielen, Nistkästen, Vullennäschter oder Äerdhielen a geet nuets op d’Juegd.
Hien ësst virun allem aner Déieren (Insekten, Schleeken, etc…) ma och Knospen, Uebst a Gehëlzsom. Säi Wanterschlof (Oktober bis Abrëll) ass méi kuerz wéi dee vum Siweschléifer an der Hieselmaus.
Déi 4-6 Jonk kommen dann och schonn am Mee/Juni op d’Welt. Een zweete Worf ass méiglech, awer éischter seelen. No 40 Deeg sinn déi Jong selbststänneg.
Wéi och déi aner Schléifer, ass de Gaardeschléifer relativ standuerttrei. Gaardeschléifer- Männercher beweegen sech op enger Fläch vun ongeféier 7 ha. D’Weibercher just op 2 ha.