De Siweschléifer

De gro-bronge Siweschléifer (Glis glis, fr.: Loir, Glis) ass déi gréissten heemesch Schléifer- Aart.

Seng Patte sinn ëmmer fiicht a pecheg, wéi kleng Saugnäpf, sou datt hien esouguer d‘Fassad eroplafe kann.

De Wanter (September bis Mee) verschléift hien normalerweis an enger Hiel am Buedem. Ufank Mee erwächen als éischt déi Jonk, dann déi al Männercher an e puer Deeg dono déi al Weibercher. Zu dëser Zäit sinn d’Siweschléifer an d’Schléifer allgemeng, besonnesch aktiv an op der Sich no engem passende Partner fir d’Reproduktioun. No enger Schwangerschaft vun ongeféier 4 Woche komme 4-6 Klenger op d’Welt. De Papp bedeelegt sech net un der Opzuucht.

Dem Siweschléifer säi Liewensraum sinn haaptsächlech Laf-Bëscher a Bëschränner, méi seelen ass en um Rand vun Dierfer oder a Stied unzetreffen.

Am Summer frësst hien virun allem Friichten a Knospe, ma och Insekten, Eeër a kleng Vullen. Am Hierscht frësst hien virun allem fetthaltege Som (Buchecker, Eechelen…), fir sech Speckreserve fir de Wanterschlof unzeleeën. An engem Joer mat gerénger Friichten- a Soomproduktioun verzichten d‘Siweschléifer och mol op d’Reproduktioun. Dëst ass bemierkenswäert, well d’Fortplanzung esou wäit virun der Friichten- a Sombildung ënnerbonne gëtt.