Nossjuegd zu Lëtzebuerg – Hëlleft d’Hieselmaus fannen!
Vläicht wunnt se jo bei Iech!
Während de Siweschléife Ënn September meeschtens schon am Wanterschlof ass, ass d’Hieselmaus, an och de Gaardeschléifer, am Oktober besonnesch aktiv.
Si muss sech genuch Speck ufriessen a verduebelt hiert Gewiicht fir de 5-7 Méint laange Wanterschlof gutt ze iwwerstoen. Dat néidegt Fett fënnt si virun allem am Som vu Beem an Hecken, wéi z.B. Buchecker an Hieselnëss (dohier och hiren Numm).
Maacht mat bei der Nossjuegd a fannt eraus ob och bei Iech an der Géigend Hieselmais wunnen.
Déi mannste Leit hu schonn eng Hieselmaus gesinn. Dat muss awer net heeschen, datt keng an der Géigend wunnt. Wëll déi kleng Déiercher virun allem Nuets ënnerwee sinn, an och do immens flénk duerch d’Gehécks jauwen, ass et net evident se zu Gesiicht ze kréien. Ma se hannerloosse Spueren, wéi z.B. ugeknabbert Hieselnëss.