Schléifer ënnert dem Daach – wat maachen?

De Siwen- an de Gaardeschléifer niste sech och mol ënnert dem Daach vu Wunnhaiser, Gaardenhaiser oder Schäpp, an, déi no beim Bësch stinn. Di nuetsaktiv Déiercher maachen zimmlech vill Kaméidi (sprangen, lafen, ruffen, krazen), a knabberen och schonn emol un der Isolatioun an hannerloossen hir Spueren, wat ëfters zu Konflikter tëscht de Schléifer an den Hausbesëtzer féiert.

Esou Lokatären am Gaardenhaus, kënnen engem awer och vill Freed maachen, well een esou genee weess, wou een sech op d’Lauer sëtzen, bzw. eng Wëldkamera ophänke muss, fir déi sympathesch Déiercher ze beobachten.

Wann een dës Déieren am eegene Wunnhaus onbedéngt wëll lassginn, well se een net schlofe loossen, kann ee probéieren, hinnen am Gaart eng Alternativ ze bidden.
Et kann een z.B. Schléifer-Këschten ophänken, al Beem stoe loossen, fir datt de Spiecht hei eng Hiel dra schloe kann, déi d’Schléifer notze kënnen, Hecken uleeën asw.

Wann den onerwënschte Locataire net vum selwen an dat extra fir hien amenagéiert neit Doheem plënnert, kann een och nohëllefen.
Vun enger permanenter Liichtquell oder Kaméidi (wärend dem Dag), loossen si sech z.B. stéieren. Op een d’Schléifer erfollegräich verdriwwen huet, mierkt een dorunner, dass een an der Nuecht nees schlofe kann, also keng Geräischer méi ze héiere sinn an och keng frësch Spuere fonnt ginn. Äscht déi widder d’Haus reechen oder bis op den Dag sollt ee kierzen. Bei Daachaarbechten, kann een den Daachdecker froen ze préiwen, ob d’Déiere wierklech fort sinn. Kriddeleg ass et, wa Klenger am Nascht sëtzen (virun allem am Fréijoer). Déi sinn ouni d’Mamm nämlech net iwwerliewensfäeg. Wann ee sécher ass, dat kee Schléifer méi do ass, sollt ee kucke fir d’Lächer zu deenen de Schléifer an d’Haus erakoum, ze fannen an zouzemaachen.

Ma opgepasst: Och hire Wanterschlof halen d‘Schléifer gäre mol ënnert dem Daach. Well se hei awer net aktiv sinn, falen se dee Moment net op. Mécht een d’Lächer am Wanter zou, kommen se am Fréijoer net méi eraus an et muss ee mat Verwesungsgeroch rechnen.

 

-> Zeréck op d’Projets Säit