Am Asaatz fir d’Schléifer

Liewensraum fir eis Schléifer erhalen / schafen

Naturnoe Gaart a strukturräich Gréngflächen uleeën

Falls Dir e Gaart hutt, an dëst nach net de Fall wär: verwandelt Äre Gaart an een naturnoe Gaart mat Straicher, Hecken, Beem, Stauden, Doudholz an/oder Stengkéip bzw. enger Dréchemauer, sou dass sech net just d’Schléifer, ma och vill aner Déieren hei wuelfillen. Iddien, wéi esou een naturnoe Gaart kann ausgesinn, fannt Dir an der Rubrik „Tipps für den Garten„.

Un Är Gemeng eruntrieden

Dir hutt keen eegene Gaart oder wëllt nach méi fir d’Schléifer maachen? Da sëtzt Iech dofir an, datt déi ëffentlech (Gréng-)Flächen an Ärer Gemeng naturno ugeluecht a gefleegt ginn, al Bongerten an Dréchemaueren erhalen an neier ugeluecht ginn. Et ass wichteg, datt Awunner vun enger Gemeng weisen, datt si hannert esou Projete stinn an dës Erwaardungen och un hir Gemeng weiderginn.