Gaardeschléiferkëscht selwer bauen – Wéi virgoen?

(Dës Uleedung ass vum BUND iwwerholl)

Wichteg ze wëssen:

  • Hieselmauskëscht: Dës Këscht ass och fir d’Hieselmaus gëeegent. An deem Fall kann d’Lach och méi kleng sinn.
  • Duerch d’Hannerdier eran: Bei enger Schléifer-Këscht ass d’Entrée an der Récksäit (d.h. d’Säit mam Lach gëtt zum Bam gehaangen). Esou kënnen d’Schléifer direkt vum Bamstamm oder der Gaardenhausmauer an d’Këscht eraklammen.
  • Vullekëscht-Ersatz: Dir kënnt och eng Vullekëscht fir d’Schléifer ophänken. Hänkt d’Vullekëscht dann awer mam Lach zum Bamstamm (oder Gaardenhaischen) op. D’Schléifer kommen zwar och eran, wann d’Lach no vir kuckt, ma d’Konkurrenz mat de Vullen ass dann natierlech méi grouss.
  • Wéi gesinn ech, ob meng Këscht bewunnt ass? Bei dëser Schléifer-Këscht gëtt eng vun de Säitewänn just Uewe festgeschrauft, an ënne mat engem Nol ageklemmt, sou dass se bei Bedarf opgeklappt ka ginn. Ma OPGEPASST: et sollt een d’Schléifer net stéieren, soss sichen se sech eng aner Bleif.
  • Botzen muss een d’Këscht eréischt, wann se bis Uewen hinner voll ass mat Material (opgepasst, dass kee Schléifer dran ass, wann Dir d’Material eraushuelt!), oder mat Parasitte befall ass. Vun Oktober bis Abrëll d’Këscht net botzen. Do kéint Dir ee Schléifer am Wanterschlof stéieren.

D‘Material fir d’Schléifer-Këscht :

  • Holz: benotzt onbehandelt an ongeschlaffen Nolenholz (2cm déck Brieder, ongehuewelt), fir dass déi jonk Schléifer aus der Këscht erausklamme kënnen.
  • Viischt- a Récksäit: jeeweils 23 cm * 14.5 cm
  • Fest Säitewand: 8 cm * 23 cm
  • Klappwand (fir opzemaachen): 8 cm * 24.5 cm, eng vun de kuerze Säiten iwwert 8 cm ofronnen
  • Buedem: 10.5 cm * 8 cm
  • Daach: 17 cm * 21 cm
  • 2 Leeschten: ca. 20 cm * 3,7 cm * 3 cm
  • Stéck Blech fir d’Këscht opzehänken oder ee Stéck steiwen Drot: ca. 8.5 cm * 2.5 cm
  • (Aluminium) Nol vu ca. 8.5 cm a 4mm Duerchmiesser
  • Blech oder “Dachpappe” fir d’Ofdichte vum Daach
  • Schrauwe fir d’Holz ze verschrauwen (ca. 4 cm laang) + Schrauwe oder Dachpappneel fir de Blech unzeneelen

D’Material zesummebauen:

  1. Récksäit virbereeden: mat enger Lach-See ee Lach vun ca. 3 cm mëtteg an den ieweschten Drëttel vun der Récksäit bueren. Dann riets a lénks vun dem Lach d’Leeschten diagonal verschrauwen (kuckt d’Foto). Foto 1
  2. Déi fest Säitewand, de Buedem an den Daach verschrauwen: Als éischt d’Récksäit mat der Säitewand, dem Buedem an derViischter Säit verschrauwen. Dobäi esou virgoen, dass d’Säitewand tëscht der Viischter- a Récksäit „ageklemmt“ ass (kuckt d’Foto). Dann den Daach mat gläichméissegem Ofstand op den dräi Säite verschrauwen, an de Blech, bzw. Dachpapp um Holz befestegen.  Foto 2
  3. D‘Klappwand, mat der ofgerënnter Säit no Uewen an no Bannen abauen, an zwar esou, dass nach eng kleng Spléck tëscht der Klappwand an dem Daach bleift. D’Holz ass hei ofgeronnt, fir ze verhënneren, dass d’Déiere beim Op-oder Zoumaachen ageklemmt kënne ginn. D’Schrauwen esou wäit Uewe wéi méiglech usetzen. (Foto 3-4)
  4. Verschloss vun der Klappwand: Buert ee Lach (ca. 4mm Duerchmiesser) Ënnen duerch d’Viischt Säit  an d’Klappwand (ca. 6 cm déif). Béit den Nol ob 6 cm vun der Spëtzt aus gekuckt, a stiecht en an dat gebuerte Lach fir d’Klappmauer fest ze klemmen. (Foto 5 – 7)

Wou a wéi kann ech d’Schléiferkëscht ophänken?

D’Schléiferkëscht kënnt Dir op enger héischt vun 2-2.5 m un engem Bam (raschtfräien Alu-Nol, oder Mdtallbigel) oder enger Mauer vun engem Gaardenhaischen, op enger Reen-geschützter a roueger Platz ophänken. Ma opgepasst, dat Hauskazen net drukommen!

 

Dir kaaft léiwer eng fäedeg Schléifer-Këscht aus Holzbeton? Déi fannt Dir z.B. op : www.schwegler-natur.de oder op www.nistkasten-hasselfeldt.de

 

-> Zeréck op d’Projets Säit