Stéckbréif

 

De Schléifer hire Liewensraum

Naturno Bëscher mat Fielsformatiounen, Bongerte mat Dréchemaueren an naturno Gäert, verbuschte Brooche mat Brombiershecken a natierlech Bëschränner si Plazen, wou een d’Schléifer untrëffe kann. Hir Näschter baue se a Bamhielen an a verloossene Vullennäschter a -këschten. D’Hieselmaus baut hiert typesch Summernascht och gären an Hecken. Se kënnen immens gutt kloteren a verbréngen de gréissten Deel vun hirem Liewen op Beem an Hecken. Just de Gaadeschléifer ass och méi oft um Buedem ënnerwee. D’Zerstéierung vun de natierleche Strukturelementer an eiser Kulturlandschaft an de leschte Joerzéngten ass ee méigleche Grond, datt d’Schléifer-Populatiounen ëmmer méi isoléiert goufen, kee geneeteschen Austausch méi konnt stattfannen, an d’Populatiounen dofir méi ufälleg fir Krankheete goufe bzw. hir Unzuel einfach ëmmer weider zeréck gaangen ass.

Wat steet um Menü?

D‘Schléifer friessen net just Uebst an aner Friichten a Gehëlzsom (Buchecker, Eechelen, Hieselnëss, etc…), ma ernären sech och vun Insekten, Spannen, Dausendbeen, Asselen, Schleeken a klenge Villercher an hiren Eeër. Esou iwwerhuelen se eng reguléierend Funktioun an der Natur a Kulturlandschaft.

Wouhier kënnt de Numm „Schléifer“?

De Numm verdanken d’Schléifer hirem laange Wanterschlof, deen se zumindest an eise Klimazonen halen. Vu September bis Mee (Siweschléifer) bzw. Oktober bis Mäerz/Abrëll (Gaardeschléifer an Hieselmaus), schlofen se zesummegewéckelt an enger Buedem- oder Bamhiel, oder och ënnert enger Heck, wa keen huele Bamstamm zur Verfügung steet. Hiert Häerz schléit da just nach 8-13 mol an der Minutt an och d’Ootmung ass vu Pausen ënnerbrach. Hier Kierpertemperatur fält bis bal ob de Gefréierpunkt. Fir dëst ze iwwerliewen, friesse se sech am Hierscht eng déck Fettschicht un a verduebele quasi hiert Kierpergewiicht.