D’Hieselmaus

D’Hieselmaus (Muscardinus avellanarius, Fr.: Muscardin; Muscardinus) ass déi klengste vun den dräi Schléifer-Aarten déi hei zu Lëtzebuerg virkommen. Si änelt éischter enger Maus, ma hire Schwanz ass, am Géigesaz zu deem vun der Maus, horeg. Si ass a ganz Europa duerch d’Fauna-Flora-Habitat Richtlinn geschützt.

Et ass net einfach dat nuetsaktiivt Déierchen zu Gesiicht ze kréien, ma et hannerléisst Spueren, déi seng Presenz verroden. Z.B. duerch hiert kugelronnt Nascht, oder charakteristesch Knabberspueren un Hieselnëss. D’Hieselmaus ernäert sech virun allem vegetaresch (Bieren, Som, Hieselnëss, Friichten, Knospen,…). Insekte stinn, nieft Bléien, virun allem am Fréijoer a Fréisummer um Menü.

Et fënnt een d’Hieselmaus virun allem a jonke Lafbëscher mat vill Ënnerholz, ma och an aarteräichen Heckestrukturen an an naturnoe Gäert um Rand vun de Siidlungen. D‘Hieselmaus kéint een och nach als „Brombiermaus“ bezeechnen, wëll se iwwerall do virkënnt wou et Brombierhecken, Broochen, Hecken, natierlech Bëschränner asw. gëtt. Si baut och kugel-förmesch Näschter aus Gras, Blieder a Gehëlzschuelen aa bewunnt och alt mol Nistkästen.

Si verdeedegt hiert Revéier vu just 150 bis 200 Meter Radius.

Hire Wanterschlof dauert vun Oktober bis Abrëll. Déi 4-6 Klenger kommen tëscht Mee a September op d’Welt, woubäi een zweete Worf zwar méiglech, mee éischter seelen ass.