Wéi matmaachen?

Mellt all Är Beobachtunge wou a wéini Dir e Schléifer gesinn hutt! Dir kënnt dat op zwou Aart a Weisen maachen:

1. Mat Ärem Smartphone via d‘App iNaturalist* ODER iwwert den Internetsite vun iNaturalist.lu. Biller mat der Uleedung, wéi Dir Är Beobachtung iwwert d’App oder den Internet Site vun iNaturalist.lu melle kënnt, fannt Dir hei (hei klicken).

 

2. ODER andeem Dir eng E-mail mat de geneeën Donnéeë vun Ärer Beobachtung (Koordinaten, Datum) op natur@oeko.lu maacht oder beim Gréngen Telefon urufft: 439030-1, dann droe mir et fir Iech an.

Verfollegt de Projekt!

Är Observatioune ginn analyséiert an iwwert den iNaturalist-Projet-Site „Aktioun Schléifer“ kënnt Dir live verfollegen, wou d‘Schléifer am Kader vun eiser Aktioun iwwerall gemellt ginn.
Mir mellen eis och reegelméisseg mat News an Auswäertungen zum Projet am Kéisecker info, der Memberzäitschreft vum Mouvement Ecologique, an op dëser Homepage.

OPGEPASST!

De Gaardeschléifer, de Siweschléifer an d‘Hieselmaus si wëll, fräilafend Déieren, déi duerch d‘Naturschutzgesetz geschützt sinn. Dofir weg. keen Déier upaken, afänken oder onnéideg hetzen (z.B. wann der eng Foto maacht).
Hire Schwanz fält of, wann een en un der Spëtzt ze pake kritt, a wiisst net méi no. Dofir ee Schléifer weg. ni un der Schwanzspëtzt upaken!
Wann der sollt e blesséierte Schléifer fannen, mellt Iech am Beschte bei der Opfangstatioun fir Wëlldéieren (Diddeleng) oder enger vun hiren Dropoff Plazen.

 

-> Zeréck op d’Projets Säit