De Schléifer op der Spuer

Well se nuetsaktiv sinn, a sech virun allem an Hecken an op Beem ophalen, kritt een d’Schléifer net oft zu Gesiicht. Hutt dir awer de Verdacht, dass bei Iech am Gaart, Gaardenhaischen oder ënnert dem Daach ee Schléifer wunnt? Da bastelt ee Spuerentunnel!

De Prinzip vum Spuerentunnel ass folgenden: De Schléifer (oder een anert klengt Mamendéier) leeft duerch den Tunnel, iwwert een Tëntekëssen, deen an der Mëtt vum Tunnel placéiert ass, an hannerléisst seng Féissofdréck um wäisse Pabeier, dee virdrun an hannert dem Tëntekëssen um Buedem vum Tunnel befestegt ass.

Spuerentunnel bastelen – esou geet et!

D’Material dat Dir braucht:

  • 3 eidel (ausgewäschen) Tetrapacken
  • 1 Schéier
  • Scotch
  • Tacker (mat Recharge)
  • Pechpistoul (mat Recharge)
  • Ee Schwämmchen oder eng al Spulllomp
  • 1 wäisst Blat
  • 4 Bürosklameren
  • „Tënt-Mëschung“: 40g Aktivkuel + 90g Raps-Ueleg (Konsistenz wéi Zahnpasta)

1. Bei 2 Tetrapaken den Deckel ofschneiden …

2. … an de Buedem op 3 Säiten lassschneiden.

3. Déi zwee Tetrapacken aneneen stiechen, esou, dass déi zwee lasse Biedem op enger Säit jeeweils no bausse kucken. (Si maachen op all Säit vum Tunnel ee klengen Iwwerdaach, esou, dass et net an den Tunnel eran reent.)

Dann, déi zwee Tetrapacken anenee stiechen a mam Tesa zesumme pechen.

4. Beim drëtten Tetrapack och den Deckel ofschneiden.

Da jeeweils an der Mëtt vun den zwou Säitewänn opschneiden.

5. Déi hallef Säiten op d’Récksäit klappen a mam Tacker befestegen.

6. De Schwämmchen bzw. d’Fatz zouschneiden a mat Hëllef vun der Pechpistoul an der Mëtt (um Buedem vum Tetrapack) festpechen.

7. Op d’Gréisst vum Tunnel zouschneiden.

8. De wäisse Pabeier zouschneiden a mat Hëllef vun de Büros-Klammeren uspéngelen.

9. D’Tënt um Schwämmchen / der Fatz verreiwen.

10. De „Spuerebuedem“ an den Tunnel stiechen (esou, dass déi zwee Iwwerstänn uewe sinn).

11. De Spuerentunnel an eng Heck bzw. op d’Plaz wou de Schléifer vermut gëtt stellen. Am beschten un engem horizontalen Aascht befestegen.

12. No 1-2 Deeg kontrolléieren, ob scho Spueren dra sinn, bzw. d’Tënt nofëllen.

Durch dësen Tunnel ass ee virwëtzege Siweschléifer gelaf.

PDF vun der Bauuleedung fir erofzelueden.

Gutt ze Wëssen:

Positionéiert de Spuerentunnel op enger Héischt vun 1-2 m, am beschten op engem horizontalen Aascht am Schied oder Hallef-Schied.

Dir kënnt d’Schléifer och lackelen, andeems dir ee Stéck Uebst oder e bësschen Kakuettebotter am Tunnel placéiert.

Et si Spueren am Tunnel! – An elo?

D’Spuere vu klenge Mamendéieren ze bestëmmen, ass net immens einfach. Den Naturmusée Thurgau huet eng Bestëmmungshëllef erstallt, déi Dir kënnt notze fir eng éischt Aschätzung.

Dir kënnt eis och gären Är Spueren (oder eng Foto), mat der Adress (oder Koordinaten), dem Datum an enger Telefonsnummer oder E-Mailadress  zouschécken (E-mail: natur@oeko.lu). Mir hëllefen Iech da bei der Bestëmmung an droen Är Observatioun an d’Datebank iNaturalist.LU an.