Wou schlofen d’Schléifer?

Een Doheem fir de Gaardeschléifer bauen

D’Schléifer verschlofen de Wanter a Buedemhielen, Bamhielen oder och an Nistkëschte vu Vullen oder extra Schléifer-Këschten. De Gaardeschléifer an de Siweschléifer maachen sech et och mol gemittlech an engem Gaardenhaischen oder an der Isolatioun vun engem Wunnhaus, wou se dreschen an ongestéiert hire Wanterschlof verbrénge kënnen.

Am Fréijoer, Summer an Hierscht sinn se generell just Nuets ënnerwee a verschlofen d’Sonnestonnen an hirem Summer-Nascht.

D’Hieselmaus baut ganz typesch ronn Summer-Näschter aus Gras, Blieder a Bamschuelen an enger Héicht vun engem halwen bis annerhalwe Meter an dichtem Gestrëpp, Hecken oder Bëschränner  virun allem tëscht de Päerdsbier, wou d’Hieselmaus sech besonnesch gären nidderléisst.

 

Esou een Nascht baut se a just enger Nuecht. Meeschtens baut se méi der Näschter, sou dass si direkt plënnere kann, wann se an engem Nascht gestéiert gëtt.
Wa se hiert Nascht Owes verléiss an och moies Fréi, wann se vun hiren Ausflich an der Nuecht zeréck kënnt, mécht se d’Lach zu deem se eraus- an eraklëmmt, nees zou. Een Hieselmausnascht gesäit also ëmmer wéi eng ganz zoue Bull, ongeféier an der Gréisst vun enger Orange, aus. Et sief dann d’Hieselmaus hätt d’Nascht ganz séier misse verloossen a wär och net méi zréck komm.

De Gaardeschléifer an de Siweschléifer verbréngen d’Summer-Deeg a Baamhielen, Vullennäschter a Nistkëschten oder och an ongenotzte Gaardenhaiser oder ënnert dem Daach oder an der Garage vu Wunnhaiser, déi no beim Bësch, bzw. engem Bongert stinn.

 

 

Hei fillen d’Schléifer sech wuel

Dir hutt een eegene Gaart a wëllt eppes fir d’Schléifer maachen? Da planzt Uebstbeem an naturno Hecken. Schléifer verbréngen de gréissten Deel vun hirem Liewen op Beem an an Hecken. Hei fanne se och hiert Friessen (Bléien, Som, Friichten an Insekten). Virun allem al Beem si wäertvoll vir si, well se hei och Bamhiele fannen, déi se als Schlofplaz notzen. Grad dowéint soll een bei den Uebstbeem och Héichstamm-Uebstbeem wielen amplaz vun Niddregstämm, well dës méi al ginn a méi Hielen ausbilden. Nieft de Schléifer sinn och eng Parti Vullenaarten ob dës Hielen ugewisen, wéi zum Beispill de Gaarderoutschwanz oder de Steekauz.

HEI fannt Dir Lëschte vun heemesche Beem an Hécken, déi net just de Schléifer zugutt kommen.

Dir hutt keen eegene Gaart oder wëllt Iech méi fir d’Schléifer asëtzen? Dann engagéiert Iech fir de Schutz vun alen (an neie) Bongerten, naturnoe Bëschränner, Broochen an naturnoen Openthaltsraim ronderëm an an den Dierfer.

Gaardeschléifer Nistkëscht bauen. Esou geet et!

Och wann Nistkëschten naturno Gäert, Bongerten a Bëscher net ersetze kënnen, sou sinn dës dach eng wëllkomm Ënnerstëtzung fir deen een oder anere Schléifer.

Ausserdeem hëlleft esou eng Nistkëscht och d’Virkomme vu Schléifer nozeweisen, well ee bei reegelméissege Kontroll schnell erausfënnt ob/dass ee Schléifer sech hei aquartéiert huet.

A sollt ee Gaardeschléifer oder Siweschléifer ënnert dem Daach hunn, déi ee stéieren (dat muss net de Fall sinn. Vill Leit hunn eis vun engem friddlechen Zesummeliewe mat Schléifer bericht), da kann een hinne mat esou engem Haischen am Gaart eng Alternativ ubidden.

Hei fannt Dir eng Uleedung, wéi Dir eng Gaardeschléiferkëscht baue kënnt. (Dës Uleedung ass vum BUND iwwerholl)

Op www.schwegler-natur.de, fannt dir och fäerdeg Schléifer-Këschten aus Holzbeton.

Weider Tipps fir ee schléiferfrëndleche Gaart:

  • Uplanze vun Hieselnësssträich, Walnëssbeem, Pärdsbier- an Hambiersträicher bidden net nëmmen Schléifer d’ganz Joer e reich gedéckten Dësch;
  • Nieft Beem a wëllen Hecken notzt virun allem och de Gaardeschléifer Tëscheraim vun Dréchemaueren als Stopp a Schlofméiglechkeet. Och een Steekoup ka vun engem Gaardeschléifer bewunnt ginn.
  • Reewaasserbecken/basengen, kënnen och fir Schléifer eng wäertvoll Waasserquell sinn. Ma se ginn och schnell zur déidlecher Fal. Dofir déckt se zou oder stellt ee Briet dran, fir dass een Déier dat drafält och nees erauskënnt. Dat nämlecht gëllt fir ee Weier.
  • Pestiziden a Rategëft sinn och fir d’Schléifer gëfteg an hunn dofir an engem schléiferfrëndleche Gaart näischt verluer.

Wou ginn et iwwerall Schléifer zu Lëtzebuerg?

Säit dem Lancement vun der Aktioun Schléifer krute mir méi wéi 30 rezent Schléifer-Beobachtunge gemellt. An zwar aus der ganzer ëstlechter Säit vum Land. Hei e puer Fotoe vun de gemellte Schléifer.

 

Hu Dir och ee Schléifer gesinn, an hutt eventuell souguer eng Foto gemaach? Dann drot Är Beobachtung op iNaturalist.LU an oder mëllt eis se (mat Datum, Adress an Aart vum Schléifer) per E-Mail op natur@oeko.lu oder Telefon op 439030-1.

Flott an informativ Texter zu Schléifer – Eise Lies-TIPP!

An den Ausgaben 9 an 59 vun der Zäitschrëft „La hulotte“ ginn de Gaardeschléifer resp. d’Hieselmaus op eng ganz sympathesch awer gläichzäiteg informativ Aart a Weis virgestallt. Flott kreativ an ënnerhalend Texter, déi Spaass maache beim Liesen a mat präzisen Zeechnungen illustréiert sinn, an engem dës sympathesch Déiere méi no bréngen. D’Texter sinn op Franséisch.

D’Zäitschrëfte kënnt Dir an der Oekobib ausléinen: www.oekobib.lu