De Schléifer op der Spuer – Spuerentunnel bastelen.

Well si Nuetsaktiv sinn, a sech virun allem am Gehecks an op Beem ophalen, kritt een d’Schléifer net oft zu Gesiicht. Hu dir awer de Verdacht, dass bei Iech am Gaart, Gaardenhäisien oder ënnert dem Daach ee Schléifer wunnt? Da bastelt ee Spuerentunnel!

De Prinzip vum Spuerentunnel ass folgenden: De Schléifer (oder een anert klengt Mamendéier) leeft duerch den Tunnel, iwwert een Tëntekëssen, deen an der Mëtt vum Tunnel placéiert ass, an hannerléiss seng Féissofdréck um wäisse Pabeier, dee virum an hannert dem Tëntekëssen um Buedem vum Tunnel befestegt ass.

Spuerentunnel bastelen – esou geet et!

HEI geet et zur Bauuleedung:

Gutt ze Wëssen:

Positionéiert de Spuerentunnel op enger Héischt vun 1-2m, am éischten op engem horizontalen Aascht am Schied oder Hallef-Schied.

Dir kënnt d’Schléifer och lackelen, andeems dir ee Stéck Uebst oder e bësschen Erdnossbotter am Tunnel placéiert.

Et si Spueren am Tunnel! – An elo?

D’Spuere vu klenge Mamendéieren ze bestëmmen, ass net immens einfach. Den Naturmusée Thurgau huet eng Bëstëmmungshëllef erstallt, déi dir kënnt notze fir eng éischt Aschätzung.

Dir kënnt eis och gären Är Spueren (oder eng Foto), mat der Adress (oder Koordinaten), dem Datum an enger Telefonsnummer oder E-Mailadress  zouschécken. Mir Hëllefen iech da bei der Bestëmmung an droen är Observatioun an d’Datebank iNaturalist.LU an.

All weider Informatiounen zur Aktioun Schléifer : https://naturelo.meco.lu/projekt/aktioun-schleifer/