Aktioun Kéisécker – Wéi maacht dir äre Gaart „kéiséckersecher“?

Och de Kéisécker ass säit e puer Wochen aus sengem Wanterschlof erwächt.

Esou kënnt Dir him een Doheem an Ärem Gaart ubidden:

  • Een Lach am Zonk virgesinn! Soss kënnt en guer net bis eran, bzw. bleift beim Versuch am Drot hänken.

       

  • Eng Ramp beim Weier, der Piscine oder héijen Trapen, fir dass en nees erauskënnt/eropkënnt, sollt en sech an d’Waasser oder an de Keller verieren.

          

  • Méiroboter, just an engem Deel vum Gaart bzw. just daagsiwwer lafe loossen. Dësen ass nämlech net just fir d’Insekte problematesch, ma kann och méi groussen Déieren, wéi z.B. dem Kéisécker geféierlech ginn.

 

  • Stoppe virgesinn: Ënnert Hecken, an Doudholz- a Bliederkéip oder aneren naturnoen Ecken, kann de Kéisécker sech Daagsiwwer verstoppen an een Tëmpchen halen.

   

  •  Keng Pestiziden benotzen: déi vergëften dem Kéisécker säin Iessen (Insekten, Schlécken, Reewierm an aner Déieren déi um an am Buedem liewen).

  • Naturno Staudebeeter, Bléiewisen an Hecken uleeën: op www.naturelo.meco.lu ënnert „A voller Bléi“ fannt Dir eng Rei insektefrëndlech Planzelëschten déi Dir heifir notze kënnt.

      

 

All weider Informatioune wéi Dir de Kéisécker ënnerstëtze kënnt, fannt Dir op www.naturelo.meco.lu ënnert „De Kéisécker“.