Den Hues zu Lëtzebuerg
Wou gëtt et en nach? Hëlleft e schützen!
Matmaach-Aktioun a méiglech Schutzmoossnamen

 

Nom Erfolleg vun der „Aktioun Kéisecker“ an der „Aktioun Schléifer“, rifft de Mouvement Ecologique an den Oekozenter Pafendall 2024 zur „Aktioun Hues“ op. Et geet ëm den Hues („Feldhase“ an op Latäin „Lepus europaeus“) deen hei zu Lëtzebuerg  vir kënnt.

D’Zil vun der „Aktioun Hues”: Den Hues zu Lëtzebuerg schützen!

Rausfanne wou et nach Huese gëtt

Mir géife gäre mat Iech e bessert Bild kréien, wou sech dësen aartleche Gesell mat de laange Läffelen nach a Lëtzebuerg erëmdreift. Spillt mat eis Paparazzi am Déngscht vum Naturschutz, knipst Är Beobachtungen a gitt se iwwert „iNaturalist“ eran oder mellt se eis per Mail!

Duerch besser Donnéeë kënne bestoend Huese-Populatioune geschützt an d’Uspréch, déi dës Déieren un hire Liewensraum stelle, besser identifizéiert ginn. Mat dëser Aktioun soll awer och op de Schutz vun hire Liewensraim opmierksam gemaach a sensibiliséiert ginn.

Well: déi méi al Huese vun Iech kennen e vläit nach aus hirer Kandheet, ma déi méi jonk Semester hu vläicht nach ni e gesinn … ?

Et gëtt der nämlech ëmmer manner …

Zu Lëtzebuerg gëtt et zënter der Mëtt vum leschte Joerhonnert ëmmer manner Huesen. Dëst spigelt sech an den Zuele vun de geschossenen Huesen erëm: goufen ugangs der 50er nach 13.000 Huesen a Lëtzebuerg geschoss, sou waren et 2021/22 just nach 300 (Quell ANF 2023).

Dëst ass e Réckgang vun 98 %!

Déi niddreg Zuele komme wuel och deelweis well d’Aart a Weis wéi d’Juegd bedriwwe gëtt geännert huet. Ma dat ass awer net den Haaptgrond. De Réckgang ass virun allem och drop zeréckzeféieren, datt der einfach manner do sinn.

E wëssenschaftlechen nationale Monitoring vun der Huese-Populatioun misst onbedéngt agefouert ginn, fir aktuell a verlässlech Zuelen ze kréien.

D’Witterung am Fréijoer kann och e staarken Afloss op d’Iwwerliewe vun de jonken Huesen hunn. Ass e Fréijoer extrem fiicht, dann iwwerliewen der manner. Mee bei méi stabille Populatioune ginn dës Verloschter besser ausgeglach. De Grond fir de Réckgang vum Hues ass net am Wieder an an der Juegd ze sichen, mee um Wandel an eiser Landschaft, virun allem duerch d’Landwirtschaft.

Liewensraum an Ernärung

Wat brauch den Hues ?

 

Och wann e mol am Bësch ze gesinn ass, sou ass den Hues bei eis en typesche Bewunner vun der oppener Landschaft, do wou Landwirtschaft bedriwwe gëtt.

Als ursprüngleche Steppenbewunner, hält en sech gär op waarmen, dréchene Plazen op. Dorobber verspreet brauch en sougenannten „Strukturelementer“: en Eck dee brooch läit, eng Sträif aalt héicht Gras tëscht de Stécker oder laanscht de Wee, eng Heck asw. Hei fënnt hee genuch Plaze wou e sécher verstoppt si kann an och genuch ze friesse fënnt.

Um Menu vum Hues sti Grieser a Kraider (virun allem fetthalteger), an och mol Friichten a Schuel vun de Beem am Wanter. Am léifsten ësst en ab der Dämmerung a frësst pro Dag bis knapp iwwert e Kilo.

 

                                           

Wat schued him ?

D’Huese leiden ënnert dem Mangel u Strukturen an eiser Landschaft. Ënnert Strukturen versteet een hei Hecken, eng Sträif net geméinte Gras, en Eck dee brooch läit… Duerch déi feelend Deckung si souwuel déi al, wéi och besonnesch déi jonk Huesen hire Friessfeinden méi ausgesat. E weidere Problem fir déi kleng Huese sinn d’Buedembeaarbechtung op deene groussen Akeren, d‘Schleefen an dat fréit Méinen op (Silos-)wisen. Vill jonk Huesen iwwerliewen déi éischt Wochen dowéint net. D’Vegetatioun op de staark gedüngte Parzellen ass dono sou dicht, datt d’Huese just an de Spuere vum Trakter asw. duerch d’Stécker kommen.

Wat méi gedüngt a gesprëtzt gëtt, wat et och manner villfälteg Kraider gëtt. Den Hues huet gären e variéierte „plat du jour“ aus verschiddene Kraider – leider gëtt et a gesprëtzte Monokulturen a Siloswisen net méi déi néideg Varietéit. Déi fréier Villfalt vu Grieser a Kraider op den Heewisen an Akeren huet duerch Dünger an Herbiziden immens ofgeholl.

                         

 

Wann um Aker awer mol Wëllkraider ze fanne sinn, da kënnen se duerch d’Herbizidbelaaschtung gëfteg fir d’Huese sinn. A Krankheeten hu méi en héijen Impakt op déi duerch Narungsmangel scho geschwächten Huesen.

Dobäi kënnt, datt et sou kraiderräich Biotoper insgesamt net méi vill gëtt a wann, da leien ze wäit vuneneen ewech. De staarke Stroosseverkéier an dëser zerschniddener Landschaft (Lëtzebuerg läit op der Plaz 1 an der EU!) dréit seng Affer.

Eegenaarte vum Hues

Vu boxenden Huesen an Doppelbefruchtung

 

Mat den Temperaturen am Februar, déi an d’Luucht ginn, kënnt den Hues a Fréijoersstëmmung. Déi Fréijoersgefiller dreiwen déi soss éischter nuetsaktiv Déieren am Dag op d‘Gewan… sou sinn d’Chancen an de kommende Woche grouss fir mol een z’erblécksen, well se sech oft zu puer erëmdreiwen, an d’Woll kréien a reegelrecht „boxen“. Dëst sinn awer net just d’Männercher, och d’Weibercher maachen hei mat. Si testen an dëse „Kämpf“ ween de Stäerksten ass.

D’Weibchen trëfft da säi Choix a wielt sech säi Partner aus. Dat kënnen der awer och mol méi sinn: innerhalb vun engem Worf kënne puer Pappen derbäi sinn. En plus kann d’Weibche wärend et erwaart, gläich nach emol befrucht ginn, also eng „Doppelschwangerschaft“ ausdroen – eng Upassung vun der Natur fir gënschteg Zäiten optimal ausnotzen ze kënnen. Emol op der Welt, bleiwen déi Jonk de gréissten Deel vum Dag aleng, d’Weibche kennt just 1-2 mol am Dag bei se fir se ze nieren. No engem Mount sinn déi Kleng dann op sech gestallt. D‘Weibche ka bis véier Mol am Joer 2-4 Klenger kréien.

Ganz schei, um qui-vive a séier!

Den Hues ass e scheit a virun allem en nuetsaktiivt Déier. Heen ass e Mamendéier an zielt zu den „Hasenartigen“. Zum Iwwerliewen brauch e Plaze fir sech ze verstoppen, well zu senge Feinde gehéieren de Fuuss, Uhu, Gräifvigel, de Wollef an och de Mënsch. Duerch seng säitlech um Kapp positionéiert Aen huet hee quasi eng „Allround“-Vue, an iwwerwaacht opmierksam wat ronderëm hee geschitt. Heen ass heemlech a probéiert net gesinn ze ginn – duerch säi Pelz gutt getarnt dréckt en sech ganz platt op de Buedem a réischt am leschte Moment spréngt en op a sprint mat 70 km/h fort! Dobäi leeft en am Zickzack a mécht och mol grouss Spréng fir seng Verfollger lass ze ginn.

Hues oder Kanéngchen?

 

Den Hues ënnerscheet sech duerch seng Héicht (bis zu 75 cm wann e sëtzt), déi laang hënnescht Been an d’Oueren (schwaarz Spëtzen) däitlech vun deene méi klenge Kanéngercher. Säi Pelz ass am Summer roudelzeg-brong, d’Kanéngche mat der méi gedrongener, ronner Statur geet méi an dat Grot. Den Hues ass en Eenzelgänger, grueft sech kee Bau, mee schléift a senger Kailchen aus plattgedrécktem Gras aus där e bei Gefor réischt am leschte Moment opspréngt an am Zickzack fortleeft. Déi gäre méi geselleg Kanéngercher halen sech generell méi no bei hirem Bau am Buedem op a lafe keng sou wäit Distanze wéi den Hues, mee si verschwanne bei Gefor séier an hirem Bau.

Falls der wëll Kanéngercher gesitt, kënnt Dir déi natierlech och gäre mellen. Hinne geet et änlech schlecht wéi den Huesen, och si si net méi esou heefeg. Dat läit dorunner, datt d’Landschaften anescht genotzt ginn an esou zerschnidde sinn, ma besonnesch awer u verschiddene Krankheeten, wéi Myxomatose.

Mir kënnen all zesummen den Hues schützen

Fir eng nohalteg Landwirtschaft an eng strukturéiert Landschaft antrieden

 

Duerch eng villfälteg, klengstrukturéiert Landwirtschaft, déi nohalteg bewirtschaft gëtt (ouni Pestiziden, manner Dünger a mat enger Rotatioun vu Kulturen, wou Hecken, spéit geméinte Wisen, Brooch- a Bléisträifen hir Plaz hunn) fërdert een den Hues. Grouss Flächen a Schléi solle mat Randsträifen, wou just ganz spéit oder sporadesch geméint gëtt, ausgestatt sinn.

Broochen si mëttlerweil zwar e verpflichtend Element fir europäesch Agrarsubventioune  ze kréien – leider sinn se awer och de Spillball vun där Politik. Bei Krisen (Ukrainkrich, Agrardiesel) gi se ëmmer nees fale gelooss an als manner wichteg a net méi verpflichtend fir Subsiden ze kréien ugesinn.

Biologesch Landwirtschaft ass e ganz grousse Schrëtt an déi richteg Richtung, ma leider schreift och si keng Reegele fir spezifesch Strukturelementer vir.

Wat si konkret Moossnamen, déi op ënnerschiddlechen Niveauen ëmgesat kënne ginn?

 

Als Gemeng sollt Dir e.a.:

– de Projet „Natur genéissen“ ënnerstëtzen, deen d‘Direktvermaartung tëscht Kiche vu Maison relais mat landwirtschaftleche Betriber, déi bestëmmten Naturschutzkrittären op hire Flächen erfëllen, fërdert. D’Maison relais vun dëse Gemenge befollegen hirersäits beim Akaf vu Liewensmëttel e Cahier de charges mat Virgaben zum Undeel vun Natur genéissen-, Bio-, Regional-Produiten a.v.m. Méi Infoen hei: www.projekte.oekozenter.lu/projets/natur-geneissen/

– Är landwirtschaftlech Terrainen esou verpachten, datt op Dünger a Pestizide verzicht muss ginn a pro Joer eng Sträif net geméint oder als Akerbrooch leie bleift.

Als Bewirtschafter:in vu landwirtschaftleche Fläche kënnt Dir e.a.:

– Är Fläche biologesch oder naturverträglech extensiv notzen, eng villsäiteg Fruchtfolleg virgesinn, Brooch-, Bléi- oder Akerrandsträifen uleeën. All dës Moossname kënnen duerch Ökoreegelungen oder Biodiversitéitsprogrammer finanziell gefërdert ginn.

– éiert Hee oder Silo gemaach gëtt, grad wéi et beim Réikitz gemaach gëtt, d’Fläch ofgoen oder mat enger Dron kontrolléieren ob sech keng jonk Huesen am héije Gras verstoppen. Grouss Schléi ëmmer vu Bannen no Bausse méinen, esou datt déi jonk Huesen als Nestflüchter eng Chance hu fortzekommen.

Als Jeeër:in kënnt Dir e.a.:

– keng Huese schéissen, och net wann se am Bësch lafen. Et ass méi wichteg de Bestand vum Schuelewëld ze reduzéieren.

Als Bierger:in kënnt Dir e.a.:

– Iech bei Ärer Gemeng derfir asetzen,  datt Gemengenterrainen an der Gewan naturvertréiglech bewirtschaft a Broochen oder ongesprëtzten Akerrandsträifen ugeluegt ginn. Et ass wichteg, datt Awunner:inne vun enger Gemeng weisen, datt si hannert esou Projete stinn an dës Erwaardungen och un hir Gemeng weiderginn.

– duerch Äre perséinleche Konsum déi biologesch an naturno Landwirtschaft aus dem Land ënnerstëtzen. Mam Kaf vu Bio-Miel ënnerstëtzt een z.B. dem Hues säi kraiderräichen Aker-Liewensraum.

– Beim Spadséiere goen den Hond an d’Léngt huele fir ze vermeiden, datt déi jonk Huesen (an aner wëll Déieren wéi Léiercher) net onnéideg an hirem Liewensraum gestéiert ginn.

– Iech duerch Ärt Walverhale fir eng naturvertréiglech EU-Agrarpolitik asetzen, sou datt et sech fir d’Baueren nees lount naturvertréiglech ze wirtschaften.

Als Landwirtschaftsministère sollt Dir e.a.:

– landwirtschaftlech Betriber, déi déi genannte Strukturelementer scho méi wéi 10 Joer fräiwëlleg erhalen, aktiv belounen! Fir all Betriber soll d’Ausbezuele vun de landwirtschaftleche Primmen un d’Erhale, Schafen oder Neiplanze vun 3 % Strukturelementer op hire landwirtschaftleche Fläche gekoppelt sinn. Dës Reegelung sollt net als Plooschter bei all Kris ausser Kraaft gesat ginn.

– de Projet «Natur genéissen» als Paradebeispill fir d’Kombinatioun vun enger viabler Produktioun a Kombinatioun mat effikassem Naturschutz ënnerstëtzen;

– d’biologesch Landwirtschaft nach vill méi fërderen, an z.B. derfir suergen, datt et an all ëffentlecher Kantin biologesch Liewensmëttel aus Lëtzebuerg gëtt.

Als Ëmwelt- a Biodiversitéitsministère sollt Dir e.a.:

– de nationalen Naturschutzplang (PNPN3) vill méi konsequent ëmsetzen. Dëse leet kloer Ziler fir de Naturschutz am Oppeland fest, déi bis 2030 mussen erreecht ginn an hëlleft e.a. de Liewensraum vum Hues ze schützen. Leider hapert et am Moment nach un der Vitesse vun der Ëmsetzung. Hei missten d’Naturschutzakteuren um Terrain nach méi geziilt bei der Ëmsetzung vu Moossnamen ënnerstëtzt ginn.

– Zousätzlech mussen awer och zesumme mam Landwirtschaftsministère Mesuren getraff ginn, déi Naturschutz op landwirtschaftleche Fläche fërderen (z.B wéi uewe genannt).

– D’Juegd op den Hues verbidden;

– E wëssenschaftleche Monitoring ëmsetzen, datt d’Entwécklung vun der Huesepopulatioun richteg dokumentéiert gëtt;

Keng weider Zerschneidung vun der Landschaft méi zouloossen.

Vum Huese-Schutz profitéieren och vill aner Déieren!

 

Wann dem Hues duerch eng méi villfälteg a strukturéiert Landschaft gehollef gëtt, profitéieren eng ganz Rëtsch aner Déierenaarten och dovunner, wéi z. B. vill Päiperleken awer och d’Schwaarzbrëschtchen, de Kéiseker an d‘Feldhong!

Och si leiden ënnert der ausgeraumter Landschaft, de plakege Stécker a mangelnder Diversitéit.

 

Juegd op den Hues trotz der Gefor vum Ausstierwen?

 

D’Fro deet sech op firwat d’Juegd op den Hues iwwerhaapt nach ëmmer erlaabt ass (aktuell Juegdzäit vum 1. Oktober–22. Dezember), obwuel d’Bestandzuelen vum Hues esou offensichtlech réckgängeg sinn? Et ass kloer, datt d’Juegd net de Grond fir de Réckgang ass, mee wann de Bestand vum Hues scho vill méi kleng gëtt duerch d’Verännerung vun der Landschaft, gëtt en duerch d’Juegd weider onnëtz belaascht. E Moratoire op d’Juegd vum Hues sollt duerfir fir e puer Joer geluecht ginn.

Wéi kënnt Dir en Hues mellen ?

Beobachtungen eraschécken – iNaturalist

De Mouvement Ecologique an den Oekozenter Pafendall wëlle mat Ärer Hëllef erausfannen, wou et nach iwwerall Huesen zu Lëtzebuerg gëtt.  Esou kënne bestoend Populatioune besser geschützt an d’Uspréch, déi dës Déieren un hire Liewensraum stelle, besser identifizéiert ginn. Mat dëser Aktioun soll awer och op de Schutz vun hire Liewensraim opmierksam gemaach a sensibiliséiert ginn.

Wéi matmaachen?

Mellt all Är Beobachtunge wou a wéini Dir en Hues gesinn hutt! Dir kënnt dat op zwou Aart a Weise maachen:

  1. Mat Ärem Smartphone via d’App iNaturalist* ODER iwwert den Internetsite vun iNaturalist.lu

 

 

 

 

 

 

2. Biller mat der Uleedung, wéi Dir Är Beobachtung iwwert d’App oder den Internet Site vun iNaturalist.lu melle kënnt, fannt Dir hei:

www.meco.lu/de/blog/document-center/aktioun-hues-maacht-mat/

 

 

 

ODER andeem Dir eng E-mail mat de geneeën Donnéeë vun Ärer Beobachtung (Plaz mat Koordinaten, Datum) op natur@oeko.lu maacht oder beim Gréngen Telefon urufft: 439030-1, dann droe mir et fir Iech an.

 

Verfollegt de Projet!

Iwwert den iNaturalist-Projet-Site „Aktioun Hues“ kënnt Dir live verfollegen, wou d‘Huesen am Kader vun der Aktioun iwwerall gemellt ginn. Dir fannt awer och reegelméisseg News an Auswäertungen zum Projet am Kéisecker-Info (der Memberzäitschreft vum Mouvement Ecologique) an op der Homepage www.meco.lu an naturelo.meco.lu.

Opgepasst!

Den Hues ass e wëllt, fräilafend Déier, dat duerch d‘Naturschutzgesetz geschützt ass. Dofir w.e.g. keen Déier upaken, afänken oder onnéideg hetzen (z.B. wann Dir eng Foto maacht).

Wann Dir sollt e blesséierten Hues fannen, mellt Iech am Beschte bei der Opfangstatioun fir Wëlldéieren (Diddeleng) oder eng vun hiren Drop-off Plazen.

Aktioun vum Mouvement Ecologique an dem Oekozenter Pafendall mat der finzanzieller Ënnerstëtzung vum Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit