Visitt um Luusshaff & Iessen an der Epicerie am Duerf – Gemeinschaftsgaart nom Permakultur-Prinzip, alternativ Wunnformen, Renaturéierung, lokalen Treffpunkt mat lokaler Versuergung

E Mëttwoch, den 19. Juli 2023 hat de Mouvement Ecologique op eng Visitt vum Luusshaff, mat uschléissendem Iessen an der Epicerie am Duerf zu Schrondweiler organiséiert.

Op 3,5 Hektar geet et um Luusshaff, beim Tania a Gast zu Schrondweiler, virun allem em d’Gemeinschaft. Ob 27 Parzellen erhalen 62 aktive Memberen (dorënner 22 Kanner) ee Gemeinschaftsgaart deen nom Prinzip vun der Permakultur bewirtschaft gëtt. Zesummen Zäit verbréngen, sech géigesäiteg ënnerstëtzen a Wëssen Austauschen, sinn d’Prioritéite vun dësem Projet. Esou sinn um Haff och e.a. Wunnengen entstanen, déi de Matenee fërderen. Nieft dem Geméisbau am Respekt mat der Natur, goufen e.a. och naturno Weieren ugeluecht an eng Baach renaturéiert.

 

Een immens flotten a villsäitege Projet, hannert deem passionéiert an engagéiert Leit stinn.

Mëttlerweil gëtt de Projet och zum Deel vun der Gemeng Nommern ënnerstëtzt. D’Weiere goufe mat Subventioune vun der Natur- a Bëschverwaltung, der Waasserverwaltung souwéi natur&ëmwelt ëmgesat. Den Ënnerhalt, deen d’Verlanden an d’Zouwuesse vun de Weiere verhënnert, iwwerhëlt awer d’Famill.

Mat engem immense Bezuch zur Praxis huet de Gast Reckinger e.a. erkläert, datt si näischt géint d’Dëschtelen op der Weed ënnerhuelen an dës trotzdeem keng Iwwerhand huelen. D’nächst Joer géife méi Brennnessselen opkommen, dat Joer drop eventuell Botterblummen. Hien hätt iwwert déi läscht 30 Joer beobachte kënnen, datt d’Opkomme vun dësen „Onkräider“ dynamesch wär, ma nach ni zum Probleem gi wär.

Deen neiste Projet ass eng Testfläch fir Agroforst. Hei goufen op enger Weed Wäertholzarten ugeplanzt (Nësserten, Elsbier, Ahorn, Kiicht,…). An engem nächste Schrëtt ginn tëscht de Beem al Kärenzorten ugeplanzt, déi da fir Broutproduktioun um Haff genotzt solle ginn. D’Duerch d’Ploue wuessen d’Bamwuerzelen e bëssche méi Déif a gi Waasser sichen, dat dann och den Kären zur Verfügung steet.

Méi Informatiounen zum Luusshaff fannt dir op: www.facebook.com/gast.reckinger

No der Visitt um Luusshaff si mir mat enger Awunnerin a Member am Gemeinschaftsgaart bis 500 Meter weider bis bei d’Epicerie am Duerf getrëppelt. Ënnerwee huet si eis e.a. eng natuno Spillplaz an engem neie Quartier gewisen. Hei gëtt „d’Graas“ zum Deel bis Mëtt Juli stoe gelooss, well sech d’Awunner:inne bei der Gemeng beschwéiert hunn, datt déi schéi Blummewiss matten an der Bléi geméint gouf. Am Quartier war och ze gesinn, dat och an deem een oder anere Privat-(Vir)-Gaart een naturnot Aménagement Programm ass. Deen een oder anere Propriétaire, huet och op d’Offer vum Naturpark Mëllerdall zeréck gegraff fir Schmuewelnäischter un d’Fassad ubréngen ze loossen.

An der Epicerie gi e.a. regional Produiten ugebueden, ee Mëttes-Menü gekacht an d’Leit aus dem Duerf begéinen sech an tauschen sech aus. Säit kuerzem gëtt d’Epicerie vun enger Cooperative (Coreca Coop) geréiert. Fir eis hunn si extra Owes hier Dieren opgemaach, an eis ee wonnerbare Menü aus regional a saisonale Produiten ugebueden. En nächste Projet vun der Kooperativ soll d’nächst Joer zu Tënten seng Dieren opmaachen. Aktuell kacht de Kach nach zu Wolz fir „Eis Kichen“.