Nossjuegd zu Lëtzebuerg – Hëlleft d’Hieselmaus fannen!

Vläicht wunnt se jo bei Iech!

Während de Siweschléife Ënn September meeschtens schon am Wanterschlof ass, ass  d’Hieselmaus, an och de Gaardeschléifer, am Oktober besonnesch aktiv.
Si muss sech genuch Speck ufriessen a verduebelt hiert Gewiicht fir de 5-7 Méint laange Wanterschlof gutt ze iwwerstoen. Dat néidegt Fett fënnt si virun allem am Som vu Beem an Hecken, wéi z.B. Buchecker an Hieselnëss (dohier och hiren Numm).

Maacht mat bei der Nossjuegd a fannt eraus ob och bei Iech an der Géigend Hieselmais wunnen.

Déi mannste Leit hu schonn eng Hieselmaus gesinn. Dat muss awer net heeschen, datt keng an der Géigend wunnt. Wëll déi kleng Déiercher virun allem Nuets ënnerwee sinn, an och do immens flénk duerch d’Gehécks jauwen, ass et net evident se zu Gesiicht ze kréien. Ma se hannerloosse Spueren, wéi z.B. ugeknabbert Hieselnëss.

 

 

 

 

 

 

 

 

Wéi de Numm verréit, ass d’Hieselmaus besonneg frou mat den Hieselnëss. Dofir mecht et Sënn an der Géigend vun Hieselsträich no der Hieselmaus e sichen.

Esou geet et:

  1. Kuckt an Ärem Gaart, am Park oder um Bëschrand no Hieselsträich.
  2. Sicht an engem Ëmkrees vu 5m ënnert engem Hieselterstrauch no ugebassenen Hieselnëss
  3. Huelt déi ugebassen Hieselnëss genau ënnert d’Lupp. Well net just d’Hieselmaus frësst Hieselnëss. Mat der Bestëmmungshëllef hei drënner fannt Dir eraus, wéi een Déier sech d’Hieselnoss schmaache gelooss huet:

Bestëmmungshëllef:

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Hei geet ët op d’Projetssäit.