Nom Summer ass virum Summer – leet elo är Wëllblummewiss un!
Elo am Hierscht ass déi optimal Zäit fir eng Wëllblummewiss unzeleeën a fir de Bestëbser an Ärem Gaart an och Iech selwer eppes Guddes ze doen. Dobäi kënnt Dir – am beschte wann e puer Deeg Reen gemellt ass – eng méi grouss Wëllplanzewiss oder och just eng Wëllplanzesträif ausséinen.
De passendste Som heifir ass de Wëllplanzesom Lëtzebuerg.
Dës Mëschunge goufe vum Naturschutzsyndikat SICONA an dem Naturmusée, zesumme mat de Biologesche Statiounen a weidere Partner, ausgeschafft. De Som gëtt gréisstendeels vu Lëtzebuerger Bauere – ganz ouni den Asaz vu Pestiziden – hiergestallt.
Zur Auswiel stinn dräi verschidde Mëschungen:
LUX – Blumenwiese. Dës Geseemsmëschung ass virun allem u frësch Standuerter, déi net ze vill Närstoffer opweisen, ugepasst. Präis: 100g; ca. 25m2: 13€ fir Membere vum Mouvement Ecologique; 15€ fir Net-Memberen.
LUX – Bunter Saum & Schmetterlingspflanzen. Dës Mëschung kann op sonnege Standuerter, z.B. laanscht ee Wee, geséint ginn, wou ee schnell vill Bléie wëll hunn. Präis: 100g; ca. 50m2: 12 € fir Membere vum Mouvement Ecologique; 14€ fir Net-Memberen.
LUX – Schotterrasen. D’Schotterrasen-Mëschung kann op ganzt moert Substrat – z. Split, Sand oder Kisel – mat just wéineg Humusoplag, geséint ginn. Präis: 100g; ca. 25m2: 11€ fir Membere vum Mouvement Ecologique; 13€ fir Net-Memberen.
Eng detailléiert Beschreiwung vun de verschiddene Mëschunge fannt Dir op der Internet-Säit vu Rieger-Hofmann: https://www.rieger-hofmann.de/rieger-hofmann shop/mischungen/mischungen-fuer-luxemburg/uebersicht.html
Wéi leeën ech eng Wëllblummewiss un?
Wichteg ass et, virum Ausséinen de Buedem richteg ze preparéieren. Am Beschte séint ee kuerz virun enger méi laanger Reeperiod aus.
Reent et net, muss een all 2-3 Deeg nätzen, fir dass déi kleng Planzen ukommen an hier Wuerzelen entwéckele kënnen.
Wann d’Wëllplanze bis ukomm sinn, brauchen se net méi genat ze ginn a maache bal keng Aarbecht: hei geet ee bis zweemol Méien am Joer duer. D’Insekte freeën sech driwwer wann en plus ëmmer e klengen Deel (iwwert de Wanter) stoe bleift, well sou kënnen d’Eeër, Larven a Poppen sech ongestéiert weider entwéckelen.
Eng detailléiert Beschreiwung dozou wéi Dir eng nei Wëllblummewiss uleet, a wéi Dir se richteg pfleegt, fannt Dir an der Broschür „Anlage von naturnahen Grünflächen im Siedlungsbereich – Ein Praxisratgeber für Gemeinden und Interessierte“. Dës Broschür kann zum Präis vun 2,5€ am Oekozenter Pafendall kaaft, oder gratis an der Oekobib ausgeléint ginn.
Wëllplanzesom bestellen
Bestelle kënnt Dir d’Geseemsmëschunge per E-Mail un: secretariat@meco.lu (Zousazkäschte fir de Versand /Präis fir se ze verschécken: < 500g: 2€ ; bis 2kg: 4€) oder Dir kommt se wärend den Ëffnungszäiten an d‘Sekretariat vum Oekozenter Pafendall sichen: Méi – Fr: 9-12 a vu 14-16 Auer.
D’Uleeë vun aarteräiche Blummewisen hëlleft an der Biodiversitéits-Kris d‘Vilfalt vun eisen Insektenaarten ze ënnerstëtzen. Dës Wise bidde villen Insekte Liewensraum a Fudderreserven.
All weider Informatiounen zu de Geseemsmëschungen, a wéi Dir eng Blumewiss bei Iech am Gaart uleeë kënnt, fannt Dir op www.naturelo.meco.lu/wellplanzesom-aus-der-regioun/
13.09.24