Neies vum Projet « Schottergaart » : Joereszäitewiessel & Question parlementaire

Joereszäitewiessel – Schottergaart vs. naturnoe Gaart

Och iwwert de Summer krute mir Fotoe vu Schottergäert zougeschéckt. Op de Fotoen ass natierlech net ze erkennen, datt dës Fotoe vum Summer sinn, well e Schottergaart zu all Saison d’nämlecht ausgesäit. Fir ze weisen, wéi schéin a villfälteg de Joereszäitewiessel an engem naturnoe (Vir-)Gaart ass, ruffe mir Iech op eis weiderhin, a besonnesch elo wou den Hierscht ëmmer méi no kënnt, Fotoe vun Ären naturnoen (Vir-)Gäert ze schécken. Dëst, wéi gewinnt op meco@oeko.lu.

Merci u jiddereen dee bis elo matgemaach huet! Dir fannt d‘Fotoe déi mir bis elo erakruten an eiser Fotogalerie.

 

Soll d’Gemeng d’Uleeë vu Schottergäert reglementéieren? – Question parlementaire

Wëll d’Interieur-Ministesch Taina Bofferding d’Gemengen encouragéieren d’Uleeë vu Schottergäert ze limitéieren an op ëffentlechem Terrain ganz dorop ze verzichten, resp. hei einheimesch Aarten ze planzen? Dëst wollt den DP-Deputéierte Gusty Graas Enn Mee an enger Question Parlementaire (N° 2271; 26 Mee 2020)  wëssen, an där hien de negativen Ëmwelt- a Liewensraumimpakt vu Schottergäert evoquéiert. Zousätzlech wollt hie vun der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg wëssen, op si d’Campagne vum Mouvement Ecologique an dem Oekozenter Pafendall “Nee zum Schottergaart! Lieweg Vilfalt amplaz gro Wüst” géing ënnerstëtzen.

Den Interieur wëll den Aménagement vu Schottergäert evitéiere ma verweist op de Prinzip vun der Gemengenautonomie.

An der Äntwert vum 30. Juni bestätegt d’Ministesch, datt d‘Schottergäert, am Verglach mat den „traditionelle“ Virgäertercher, en negativen ekologeschen Impakt hunn. Hier Heefegkeet géif zousätzlech och d‘landschaftlech Qualitéit vum ëffentleche Raum reduzéieren. D’Openthaltsqualitéit vum ëffentleche Raum hätt awer en direkten Impakt op d’Liewensqualitéit vun den Awunner an et wier soumat immens wichteg, datt d’ekologesch an d’landschaftlech Qualitéit am allgemengen Interessi bei der Planung an Entwécklung berécksiichtegt géife ginn.

D’Ministesch argumentéiert, datt déi grouss Nofro no Schottergäert op hiren niddregen Ënnerhalt zeréck ze féiere wär*. Si hält et dofir fir wichteg, datt nei Quartieren esou geplangt ginn, datt d‘(Vir-)Gäert einfach ze ënnerhale sinn, ouni mussen op mineralesch Amenagementer zeréck ze gräifen.

Den Interieur, a méi spezifesch d‘“cellule d’évaluation“ – déi Kommissioun wou Projeten vu Siidlungen ënnert d’Lupp hëlt -, géife bei der Entwécklung vun de PAPen (Plans d’aménagement particulier) d’Acteuren aus dem Bausecteur an och d’Gemengen encouragéieren de Vesigelungsgrad, jee no Bauprojet a concernéiertem Site, ob e Minimum ze beschränken. Dëst zu Gonschte vum Gréngraum. Dem Prinzip vun der Gemengenautonomie no kéint d‘Gemeng awer selwer entscheeden, ob si d’Amenagement vu Schottergäert op hirem Territoire reglementéiere wëll oder net (sief et iwwert de PAP oder d’Bautereglement).

Reegelméissegen Austausch tëscht Staat a Gemengen a weider Sensibiliséierung

Den Interieur géif d’Gemenge bei der Entwécklung vun neie Wunnquartieren, Aktivitéitszonen an och ëffentlechen Ariichtungen (z.B. Schouls-Campus) begleeden an, zesumme mat de Gemengen, fir eng rationell Flächenotzung an eng harmonesch Standuertentwécklung suergen. Dozou géif och d‘Entwécklung vu groussen ëffentleche Gréngfläche mat einheimesche Planze gehéieren. Zousätzlech géif duerch e reegelméissegen Austausch tëscht Staat a Gemengen eng Sensibiliséierung fir ekologesch Froe gefërdert ginn an ee Feedback vun de Gemengen zur Effikassitéit vu verschidde Reglementer erlaben.

Et gëtt ausserdeem drop higewisen, datt den Ëmweltministère, am Kader vum zukünftege „Pact Natur“, d’Gemengen encouragéiere wäert einheimesch Aarten ze planzen an ëmweltfrëndlech Bestëmmungen an hier kommunal Reglementer opzehuelen.

Den Ëmweltministère weist och drop hin, datt hien iwwert eng Konventioun mam Mouvement Ecologique d’Aktivitéite vun der Vereenegung, Sensibiliséierungscampagnen inclus, „de manière générale“ ënnerstëtzt. D’Ministesch hätt och schonn 2018, am Kader vun enger Konferenz zum Insektestierwen, op d’Problematik vun de Schottergäert opmierksam gemaach a géif eng weider Sensibiliséierung vun de Bierger*innen am Kader vum „plan d’action en faveur des insects pollinisateurs 2021-2025“ virgesinn.

Reaktioun vum Mouvement Ecologique op d‘Äntwerten vun de Ministeschen: Zoustëmmung ma awer och kritesch Remarken

De Mouvement Ecologique begréisst, datt déi zwee Ministèren den negativen Impakt vun de Schottergäert unerkennen a sech géint hier Ausbreedung ausschwätzen.

Och d’Argument vun der Autonomie communale ass ze verstoen. Mais: d’Gemengen baséieren hiert Bautereglement an der Reegel op ee „réglement-type“ vum Intérieur. An dëst enthält, a senger aktueller Fassung (2018)  keng Empfeelung zu der Begréngung vu private Fläche resp. den Alentoure vu Gebaier resp. keng Propose, wéi eng Gemeng e Verbuet vu Schottergäerd kéint reegelen. Hei besteet also nach duerchaus Nohuelbedarf vu Säite vum Ministère. Och an anere Punkten wier dëse „règlement type“ iwwerschaffenswäert, z.B. wat d’Reduktioun vun der Liichtverschmotzung betrëfft. Den Intérieur ass kloer gefuerdert.

Zousätzlech wär et duerchaus begréissenswäert wann den Interieur, an Zesummenaarbecht mam Environnement, ee méi detailléierten Empfehlungskatalog fir PAPen fir d’Gemengen erstelle géif. Hei kéinte Sie, un Hand vu gudde Beispiller, och Formuléierungsbeispiller fir Reglementer fir d’Amenagement vu (Vir-)Gäertercher oder Planzelëschten empfeelen.

Hei (LINK) fannt Dir eis Empfeelungen, wéi Gemenge bei der Reglementéierung vu Schottergäert virgoe kënnen.

Et schéngt wéi wann sech schonn eng Rei Gemengen géingen drun inspiréieren. Schwätzt och Dir Är Gemeng drop un!

*Remark vum Mouvement Ecologique: et ass een Iertum, datt Schottergäert e niddregen Ënnerhalt hunn, wéi d’Erfarung wéist. No e puer Méint/Joren sëtzen sech Pionéierplanzen tëscht d’Steng a si just nach duerch opwänneg Handaarbecht oder den Asaz vu Pestiziden (zu dem mir ausdrécklech ofroden) ewech ze kréien.

 

 

 

 

Firwat brauch et eng Reglementéierung vun de Schottergäert?

Eng Rei Leit hunn eis drop ugeschwat, ob een e Schottergaart verbidde sollt, ob et net grad esou gutt wier d’Leit just ze sensibiliséieren?

De Mouvement Ecologique ass eendeiteg, wéi och d’Kolleegen aus dem Ausland, der klorer Iwwerzeegung datt Schottergäert solle verbuede ginn. Et gëtt virun allem 2 Grënn:

 

 

  • Negativ Auswierkungen op d’Aartevillfalt an op eis Liewensqualitéit

De Schottergaart huet net just een (negativen) Impakt op d’Liewensqualitéit vum Proprietär vum (Vir-)Gaart. Wann:

  • Planzen an Déieren, déi Deel vun engem gesonden Ekosystem (eiser Liewensgrondlag) sinn, kee Liewensraum hei fannen an eventuell nach gëfteg Pestizide gesprëtzt gi fir dem „Onkraut“ meeschter ze ginn;
  • d’Reewaasser hei net versickere kann a bei Staarkreen quasi ongebremst an déi iwwerfëllte Kanalisatioun (oder, wann et ganz schlëmm kennt, an de nächste Keller) leeft;
  • d’Loftqualitéit net duerch Planze verbessert gëtt an
  • d’Temperaturen duerch déi erhëtzte Steng an d’Luucht ginn;

dann huet dat och en Impakt op déi direkt an indirekt Noperschaft an op d‘Biodiversitét.

„Eigentum verpflichtet“ an dofir huet een als Proprietär net just Rechter mee och Flichten. Dozou gehéiert, datt ee säin Terrain sou bewirtschaft, datt een der Gesellschaft kee Schuet zouféiert. Well ee Schottergaart dëst net anhält, ass de Mouvement Ecologique der Meenung, dass d’Gesellschaft d’Uleeë vun esou Schottergäert reglementéiere soll. Mir hunn elo scho Perioden am Summer, wou eeler Leit wéinst den héijen Temperaturen hiert Haus net verloosse kënnen. Wann eis (Vir-)Gäertecher gréisstendeels just nach aus Schotter bestinn, hëtzen sech eis Stroossen nach vill méi op, esou datt sech d’Situatioun nach weider verschlëmmert. A mëttlerweil weess och jiddereen wéi dramatesch den Insekteverloscht ass. Do kënnen a sollen eis Virgäert eng Roll iwwerhuelen, fir deem mat entgéint ze wierken.

  • Politik ass gefuerdert – Verantwortung däerf net ëmmer op den Eenzelne verschobe ginn

Déi esou wichteg Verännerung vun eiser Gesellschaft a Richtung Nohaltegkeet, ka net nëmmen iwwert Sensibiliséierung geschéien. Et ass un der Politik, de richtege Kader ze setzen. Esou wéi einfach z.B. kee Fleesch méi soll verkaaft ginn wou d’Déiererechter mat Féiss getrëppelt ginn, wéi eng CO2-Steier néideg ass fir d’Klimaverännerung ze begrenzen … ass et och néideg, datt d’Gréngs méi erhale gëtt. Dat ëmsou méi well ee mierkt, datt „een“ Schottergaart gären anerer no sech zitt. Esou Reegele sinn och nëmme gerecht, well esou jiddereen matmëscht…

Natierlech bléift d‘Sensibiliséierung awer wichteg, si däerf wärend an och nom Reglementéierungsprozess net feelen. D’Bierger*inne mussen d’Probleemer vum Schottergaart kenne fir sech, am beschte Fall, fräiwëlleg géint e Schottergaart a fir en naturnoe Gaart ze entscheeden. Trotzdeem ass et wichteg, datt mir als Gesellschaft soen: „mir wëlle keng Schottergäert“ an dëst eben, wéi mir et och bei villen anere Saache maachen, duerch e Reglement festhalen.

All weider Informatiounen zur Kampagne „Nee zum Schottergaart! Lieweg Vilfalt amplaz gro Wüst!“ fann Dir hei: