Invitatioun Reunioun naturno (Vir-)Gäert – Méindeg, den 3. Abrëll um 17h30 am Oekozenter Pafendall

Méindeg 3. Abrëll um 17h30 am Oekozenter Pafendall

Mat der Aktioun „Nee zum Schottergaart – Lieweg Vilfalt amplaz gro Wüst“ hat d’Team ronderëm de Grujelgaart vum Mouvement Ecologique groussen Erfolleg. Sëllegen Aktiounen hunn dozou bäigedroen, datt mëttlerweil allsäits bekannt ass, datt Schotterwüsten ëm d’Haus keng Liewensqualitéit bréngen an och fir d’Klima an d’Biodiversitéit eng Zoumuddung sinn.

Een neien – änlech grujelegen – Trend ass awer amgaangen opzetauchen: de Plastik-Wuess. De Plastik-Wues gesäit zwar (am Ufank nach) gréng aus, ma och hie schaaft doudeg Plazen, déi weder fir d’Biodiversitéit, nach fir de Klima an de Mënsch wäertvoll sinn. An och déi versprachen Erliichterung vum Ënnerhalt gëtt net agehalen.

Beim Plastik-Wuess heescht et Staubsaugen amplaz Méinen. Keng Erliichterung am Ënnerhalt.

Alternativ zu dëse grujelegen Trends sinn z.B. Blummewisen, enheemesch Hecken, oder och Staudebeeter.

Andeems een am eegene Gaart d’Wiss manner oft a méi spéit am Joer méint an d’Mahdgut ofdréit, schaaft ee faarweg Blummewisen a Liewensraum fir Beien a Päiperleken. Ee Projet dee mir mat Iech zesummen an Ugrëff wëllen huelen.    

Dir wëllt Iech fir eng naturno Gestaltung vun eisen Uertschaften a Quartieren asëtzen an déi politesch Verantwortlech an d‘Matbierger:inne fir dëse Sujet sensibiliséieren?

Da kommt laanscht, bréngt Är Iddien an, diskutéiert mat, a gitt Deel vun der Beweegung.

Wéini? Méindeg den 3. Abrëll 2023 am Oekozenter Pafendall

Umeldung: Email un natur@oeko.lu

 

Nieft aneren Aktiounen huet d’Team och bei enger konkreter Ëmwandlung vun engem Schottervirgaërtchen an ee Staudebeet matgewierkt. Weider Iddie wëlle mir zesummen ugoen…

 31.03.23