Insektenatlas – firwat si se esou wichteg a wéi kënne mir se retten?

D‘Friends of the Earth Europe an d’Heinrich Böll Stëftung hunn elo déi englesch Ausgab vum Insektenatlas erausginn. Op 60 Säiten an iwwert méi wéi 80 Grafike gëtt den Atlas eng Vilfalt un Informatiounen zu der Bedeitung vun den Insekten. E liwwert Daten a Fakten zu Nëtz- a Schädlingen an der Landwirtschaft, formuléiert Kritik un der zeréckhalender Politik a benennt d‘Schrëtt déi dréngend fir de Schutz vun den Insekten ënnerholl musse ginn.

Den engleschen Insektenatlas baséiert op der däitscher Versioun, déi Ufanks dëst Joers erauskomm ass, ma ass liicht iwwerschafft an huet e puer méi Kapitelen. Den Atlas kënnt Dir als Printversioun bestellen oder gratis als PDF-Dokument eroflueden:

Dir wëllt zum Schutz vun den Insekte bäidroen an Iech fir eng nohalteg Landwirtschaft asëtzen, bei där net just eis Ëmwelt, ma och d’Landwierte profitéieren? Dann ënnerschreift déi europäesch Biergerinitiativ „Beien a Bauere retten!“:  Online op meco.lu/de/bees-and-farmers/