Formatioun: #méiwéionkraut – wëll Stadbewunner a Ritze-Rebellen

An de Foue vu Pawee an Trottoir, an de Mauerritzen an op de Kisel- a Schotterfläche begéint een se: enger wonnerschéiner Villfalt u wëlle Stadbewunner a Ritzen-Rebellen. Si bréngen et fäerdeg – ouni vill Buedem, Närstoffer a Waasser – hei ze wuessen. Schonn eleng dofir verdéngen si Respekt an Opmierksamkeet.

 

Ufank Juli huet de Mouvement Ecologique zwee Info-Owenter zum Thema mam Biolog Roger Schauls organiséiert. Knapps 40 Interesséiert waren dobäi.

 

De Roger huet eng gutt 20-25 Planze virgestallt. De wichtegste Message war awer deen, datt mir dëse „Wildwuchs“ net solle „bekämpfen“, ma hinnen villméi gezielt Fugen, Maueren, etc… zur Verfügung stelle sollten. An dat aus ganz ville Grënn: vill Insekte – wéi Wëllbeien a Päiperleke – sinn op si ugewisen. Vun den Insekte profitéieren d’Vullen, d’Fliedermais, den Igel a Co. Iwwert hier Blieder verdonsten si Waasser a verhënneren, datt eis Stied an Dierfer sech am Summer extrem ophëtzen. Si halen d’Reewaasser zeréck an hëllefen et ze versickeren. Sou ginn d’Grondwaasserreserven opgefëllt an d’Waasser steet och aner Planzen, wéi z.B. de Stadbeem méi laang zur Verfügung.

Och dir interesséiert Iech fir de Sujet? Um Oekofest den 23. September (weider Infoen derzou fannt Dir ab Mëtt August op der Homepage meco@oeko.lu) widderhëlt de Roger dëse flotten Tour.

 

Weider Lektür zum Thema:

  • Das Wächst in deiner Stadt – de Kosmos Krautschau-Führer mat 95 Planzen deenen Dir am Siidlungsraum sécher scho begéint sidd. (Autorinnen: Alexandra-Maria Klein & Julia Krohmer)
  • Stadt Wild Pflanzen – 52 Ausflüge in die urbane Pflanzenwelt. Mit Hintergrundwissen zur Stadtvegetation (Autor: Jonas Frei)

Béid Bicher kënnen an der Oekobib ausgeléint ginn.

 

All weider Informatiounen zu eiser Campagne „Méi Gréngs an eise Stied an Dierfer“ fannt Dir op www.naturelo.meco.lu