Bilan vun der “Aktioun Kéisecker “ no zwee Joer

Aktioun Kéisecker – Gelongene Projet a spannend Resultater: Méi gesinn wéi geduecht – ma nawell eng Aart a Gefor – Ofschloss vun der “Aktioun Kéisecker “ :

Verglach 2019/2020

2020 war déi zweet Saison vun eiser “Aktioun Kéisécker” an dat pickegt Déier gouf nees fläisseg gemellt: Insgesamt waren et 2020 manner Kéisécker-Meldungen (90 Meldungen, 103 Kéisécker) wéi 2019 (143 Meldungen, 165 Kéisécker), also ronn nëmmen 62% vun de Meldungen an nogewisenen Déieren vum viregte Joer. An zwar gëllt dëst fir all Méint ausser den Abrëll 2020 (Grafik Jahresverlauf Meldungen absolute Zahlen).

 

 

 

 

 

 

 

 

Heizou muss awer och gesot ginn, datt et d’lescht Joer e waarmen Abrëll war an d’Fréijoer fréi ugefaang hat. Firwat elo insgesamt awer manner Meldungen erakomm sinn kann nëmmen spekuléiert ginn: vläicht hunn net méi esou vill Leit matgemaach, well d’Aktioun schonns 2019 gelaf ass oder vläicht war d’Igel-Populatioun fir d’Joer 2020 effektiv net esou héich, z.B. opgrond vun dréchenen Summer mat manner Schleeken an dofir och sécherlech manner Nowuess. Fir déi leschte Vermuddung schwätzt, datt grad nom extrem waarmen an dréchene Summer an de Méint August a September kaum nach Meldungen gemaach gi sinn. Fir eng definitiv Ausso misst een awer eng wëssenschaftlech Laangzäit-Ënnersichung maachen, wat awer net den Zweck vun dëser Kéisécker-Aktion ass … Flott ass op jiddefall, datt dëst Joer dofir méi Kéisécker mat Foto gemellt gi sinn. Hei emol eng kleng Auswiel vun de schéinste Biller:

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Endlech Donnéeën aus dem Éislek !

Endlech goufen och Kéisécker aus dem Éislek gemellt! Wann et 2019 nach esou ausgesinn huet, wéi wann de Kéisécker iwwert enger Linn Rammerech-Dikrech net géing méi nërdlech virkommen, esou krute mer 2020 awer Däreldéier vun Ëlwen, Kaalber Millen, Harel a Bauschelt gemellt.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Et gesäit trotzdeem esou aus, wéi wann d’Populatioun vum Kéisécker am Éislek weitgehend zesummegebrach wier a just eng ganz niddreg Populatioun sech hei kann halen. Hei weist et sech erëm wéi wichteg eng natierlech Vernetzung vun der Landschaft mat Hecken, Beem a Broochen dach ass, fir dass de Kéisécker d’Éislek erëm ganz besiedele kann.

 

Réckzuchsgebitt Randberäicher vun Dierfer a Stied

Esou wéi 2019, sinn och 2020 déi meeschte Meldungen aus dem urbane Raum gemaach ginn (Grafik Fundort).  Wann ee méi genau kuckt, weist sech nees, datt grad Gäert um Bord vun eisen Dierfer a Stied am beléiftsten als Liewensraum fir de Kéisécker sinn. Wa Gäert a Parkanlagen an den Uertschaften grouss genuch sinn, ginn dës awer och gäre genotzt. E Revéier vun engem Individuum ka sech duerchaus iwwert e puer Gäert strecken an esouguer iwwert d’Strooss ewech genotzt ginn, wéi mer z.B. zu Mamer duerch e puer Kéiséckermeldungen no beieneen, an en plus erfreelecherweis mat Nowuess, konnte feststellen.

 

 

Ausstierwen an der Agrarfläch

Déi Ausso, datt de Kéisécker an der Gewan, also am Oppeland, bal ganz verschwonnen ass schéngt sech iwwerdeems och fir 2020 ze bestätegen. Just 7% vun de Meldungen koumen aus der oppener Gewan. Natierlech sinn d’Resultater vun der Ënnersichung liicht verzerrt, well déi meescht Leit zu der Aktivitéitszäit vum Kéisécker éischter doheem sinn an net op engem Feldwee laueren, fir e Kéisécker ze mellen Dowéinst komme logescherweis méi Meldungen aus Stied, wéi aus der Gewan eran. Allerdéngs ass et en trauregen an allgemeng bekannte Fakt, datt et ëm eis Liewensraim a der oppener Gewan schlecht steet a se an deene leschte Jore trotz verstäerkte Schutzmesuren nach ëmmer verschlechteren.

 

Duerch eng ëmmer méi intensiv Landwirtschaft mat z.B. 5-6 Méihterminer op den intensive Silagewisen, oder duerch ëmmer méi grouss Parzellen a Schléi op deene just eng eenzeg Kultur ugebaut gëtt an duerch de weideren héijen Asaz vun Düngemëttel (Gülle a Konschtdünger) souwéi den Asaz vu Pestiziden, kënnt nieft Léierchen a Feldhong och de Kéisécker net zourecht. Genau sou fatal ass, datt eis Landschaft ëmmer méi fragmentéiert gëtt an d’Distanzen tëscht natierleche Strukturen, wéi Hecken a Gestrëpp an der Gewan, einfach ze grouss ass fir datt Populatioune sech nach genetesch austausche kënnen. Den englesche Begrëff “hedgehog”, also iwwersat “Heckeschwengchen”, weist eigentlech schonns op den ursprénglechen typeschen Liewensraum hin, deen an eiser Landschaft ëmmer méi feelt.

 

 

Noutwendegkeet vun enger naturnoer Agrarpolitik an Naturpakt fir Lëtzebuerg

Grad d’Ausriichtung vun den europäeschen an nationalen Agrarfërderungen musse mam neien PDR (Plan de développement rural) méi u konkret Leeschtungen am Sënn vun der Biodiversitéit ausgeriicht ginn. Et kann net sinn dat all Joer iwwer 100 Milliounen Euro ëffentlech Gelder ausbezuelt ginn, déi kontraproduktiv fir den Ëmwelt- a Naturschutz sinn! Duerfir muss z.B. iwwert d’Konditionalitéit all landwirtschaftleche Betrib e Prozentsaz un natierleche Liewensraim a Strukturen virweisen, fir iwwerhaapt an de Genoss vun der Betriebsprimmen ze kommen. Den Asaz fir Ëmwelt an Naturschutz (an Déierewuel), also d’Erhale vun ökosystemesche Wäerter, muss sech fir de Bauer lounen an och deementspriechend honoréiert ginn! Biodiversitéits- an Agrarëmweltprogrammer mussen zilgeriicht u kloer an transparent Krittäre gebonne ginn, déi och iwwert e Monitoring op hier Wierkung an Effizienz kontrolléiert ginn.

Weider huet den Nohaltegkeetsministère vir zesumme mat de Gemengen en Naturpakt analog zum Klimapakt opzebauen. Hei geet et dorëms d’Flächen ronderëm an an den Uertschaften méi naturno ze gestalten, wat dann och mat engem Punktesystem an ëffentlechen Geldmëttel gefërdert gëtt. Hei ass et wichteg, dass d’Moossnamen um Terrain ukommen an dat ganzt net e grousse Pabeiertiger bleift….

Op www.naturelo.meco.lu, ënnert „Projekte: De Kéisécker“, fannt Dir vill Informatiounen dozou, wat Dir fir de Kéisecker maache kënnt.

Nei Aktioun 2021: Schléifer zu Lëtzebuerg:
Uebstrat, Siweschléifer an Hieselmaus, coming soon, wëll si sinn nach am Wanterschlof …