Aus dem Wanterschlof erwächt: Gaardeschléifer, Siweschléifer an Hieselmaus!

 

Eliomys quercinus / Lérot

Eliomys quercinus / Lérot

Hieselmaus

 

 

 

 

 

 

 

 

Elo Enn Mäerz/Mëtt Abrëll, wann d’Temperaturen an d’Luucht ginn, an d‘Natur nees energieräich Fudder-Méiglechkeete liwwert, erwächen de Gaardeschléifer an d’Hieselmaus aus hirem Wanterschlof. De Siweschléifer, déi drëtt a gréisste Schléifer-Aart hei zu Lëtzebuerg, schléift nach bis an de Mee eran.

Am Wanterschlof schléit hiert Häerz just nach 8-13 Mol an der Minutt an och d’Ootmung ass vu Pausen ënnerbrach. Hier Kierpertemperatur fält bis bal ob de Gefréierpunkt.

 

Ënnerstëtzung fir d‘Schléifer

Wann si elo am Fréijoer erwëschen, sinn hier Reserven opgebraucht. Si brauchen energieräicht Iessen an ernären sech am Fréijoer virun allem vu Bléien (Pollen an Nektar), Knospen, an Insekten.

Dir wëllt dem Gaardeschléifer, Siweschléifer an der Hieselmaus eppes Guddes doen? Da bitt hinnen een naturnoe Gaart mat ville verschiddene Straicher a Beem, déi zu ënnerschiddleche Joreszäite Bléien a Friichten droen. Déi och vill verschidden Insekten unzéien a Verstoppe bidden.

Oder/a sëtz Iech a fir een naturnoen ëffentlech Raum, d’Erhale vun Uebstwisen an naturnoe Bëscher a Bëschränner. D’Ubanne vun den Dierfer un Liewensraim iwwer d’Uleeë vun Hecken  an aner natierlech Leit- a Wanderrouten.

 

Schléifer zu Lëtzebuerg

Op www.naturelo.meco.lu/projekt/aktioun-schleifer/ fannt Dir nieft kuerze Beschreiwungen zu den dräi Aarten an hire Liewensraim, ënnert anerem och:

  • Eng Tëschebilanz zu de Schléifer-Beobachtungen, déi mir gemellt kritt hunn. Och Dir kënnt Är Beobachtunge mellen! Am beschten iwwert iNaturalist.LU oder iwwert Email un natur@oeko.lu.
  • Eng Uleedung wéi Dir een Gaardeschléiferhaischen oder een Spuerentunnel
  • D’Opnam vun der Online-Konferenz mam Wëldbiolog a Schléifer-Fuerscher Johannes Lang.

Wéi steet et em d‘Schléifer zu Lëtzebuerg?

An der Tëschebilanz vun der Aktioun Schléifer goufe bis Wanter 2021 58- Schléiferbeobachtunge gemellt, dovun 20 mat Foto(noweis). 2022 sinn nach eng Rei dobäi komm, sou datt aktuell 89 Meldungen, dovu 47 mat Foto(noweis), déi op iNaturlist.LU ënnert der Aktioun Schléifer ze fanne sinn. Fir den Hierscht ass e Bilan vun der Aktioun Schléifer geplangt, wou mer méi am Detail op d’Meldungen agoe wäerten.

Well de Gaardeschléifer a ganz Europa a speziell an Däitschland ëmmer méi seelen (ugetraff gëtt) ze fannen ass, gouf hei de Projet „Spurensuche Gartenschläfer“ an d’Liewe geruff. Iwwert de Projet gëtt erfuerscht firwat dëst Déier ëmmer méi seele gëtt. Hier Aarbechten hunn och dozou bäigedroen, datt den Erhalungszoustand vum Gaardeschléifer op der Rouder Lëscht elo international als gefäerdet gëllt. Ee wichtege Schrëtt fir de Schutz vun dësem sympatheschen Déier a sengem Liewensraum ze prioriséieren.

 

Wëldkamera ausléinen

Dir héiert Nuets Geräischer ënnert dem Daach, déi op ee Schléifer hiweisen? Dir hutt Schléifer-Spueren am Haus, Gaardenhaischen oder am Gaart fonnt, ma hutt nach keen Déier ‚in flagranti‘ erwëscht?

Mir léinen Iech eng Wëldkamera, déi Dir bei Iech installéiere kënnt fir erauszefannen, op et sech hei tatsächlech ëm Schléifer handelt.

Maacht eis eng Mail op natur@oeko.lu fir all weider Informatiounen.

 

Wéi klengt ee Schléifer?

Op www.gartenschlaefer.de/gartenschlaefer-infos/geraeusche/ kënnt Dir lauschteren, wéi ee Gaardeschléifer an ee Siweschléifer sech unhéieren.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

30.03.23