Aktioun Schléifer – Gaardeschléifer, Siweschléifer an Hieselmaus

Matmaach-Aktioun a méiglech Schutzmoossnamen

Wou ginn et nach iwwerall Schléifer zu Lëtzebuerg? A wéi kënne bestoend Populatioune an hiere Liewensraum besser geschützt ginn?

D’Aktioun Schléifer knäppt un d‘Aktioun Kéisecker un an erméiglecht jidderengem sech aktiv fir d’Schléifer an hire Liewensraum anzesëtzen.

Maacht mat bei der Aktioun – Méldunge vu Schléifer & natunoe Gaart uleeën

Jidderee ka seng Beobachtunge vun engem Gaardeschléifer, Siweschléifer oder enger Hieselmaus iwwert d’App oder den Internet-Site vun iNaturalist.LU oder och iwwert E-Mail oder Telefon eraginn.

Nieft den Mëldungen ass et awer och immens wichteg säin eegene Gaart naturnoh ze gestalten. Straicher, Hecken, Beem, Stauden, Doudholz an/oder Stengkéip bzw. enger Dréchemauer, maachen dass dass net just d’Schléifer, ma och vill aner Déieren hei ee Liewensraum fannen.

Wien keen eegenen Gaart huet, oder wiem dat net duergeet ka sech och a senger Gemeng dofir asëtzen, datt déi ëffentlech (Gréng-)Flächen naturno ugeluecht a gefleegt an al Bongerten an Dréchemaueren erhalen an neier ugeluecht ginn.

Wie sinn d’Schléifer a firwat si se schützenswäert?

Dir wëllt méi iwwert dës nuetsaktiv Déiercher, an hier Verbreedung hei zu Lëtzebuerg gewuer ginn an/oder Iech un der Aktioun bedeelegen. Da besicht folgenden Intenert-Site:

https://naturelo.meco.lu/projekt/aktioun-schleifer/

Hei fannt Dir all weider Informatiounen zur Aktioun Schléifer. Eng Aktioun vum Mouvement Ecologique an den Oekozenter Pafendall, an Zesummenaarbecht mat der ABIOL, der SNL an dem natur musée.