Webinar: Eng Oas am Quartier – mat de Bierger:innen nei Openthaltsqualitéit am Stroosseraum schafen

Den Oekozenter Pafendall an de Mouvement Ecologique lueden Iech häerzlech an op d‘Online-Veranstaltung:

Eng Oas am Quartier – mat de Bierger:innen nei Openthaltsqualitéit am Stroosseraum schafen

Wéini:  de Méinden, 6. Mäerz vu 17.30 – 19.00 Auer iwwert Zoom

D‘Strossen a d‘Plazen an eise Quartier’en si staark vum Auto gepräägt. Et feelt un (och klengen) attraktiven, begréngte Plaze fir sech spontan ze begéinen, sech auszetauschen, wou Kanner zesumme kënne spillen, ee vläicht och ongezwongen e Patt zesummen drénke kann … an dat virun allem och direkt virun der Hausdier.

Genau do setzt d’Aktioun „Eng Oas am Quartier“ un. Em wat geet et:

Eng Rei Parkplazen an der Strooss ginn zesumme vun a mat den Awunner:inne fir eng definéiert Zäit ëmgenotzt (transforméiert). D’Awunner:inne sollen sech hei ophalen a begéine kënnen. Sëtzméiglechkeeten, eng flott Beréngung mat Stauden a Kraider an eventuell Beem kënnen opgestallt ginn. An zwar direkt duerch d’Leit, mam Averständnis an der aktiver Ënnerstëtzung vun der Gemeng.

An dësem Online-Seminär stellt d’Dipl.-Ing Liette Clees de Projet vun de „Grätzloasen“ zu Wien vir. De Fokus läit awer virun allem um Austausch, bei dem Dir all Är Froe stelle kënnt.

De Webinar riicht sech u Gemengepolitiker:innen, Gemengeservicer a -syndikater, Membere vu berodende Kommissiounen an all interesséiert Bierger:innen.

Fir un der Online-Veranstaltung deel ze huelen, ass eng Umeldung iwwer E-Mail un inscription@meco.lu oder iwwer Telefon 439030-1 erfuerderlech.

D’Participante kënnen een Zertifikat fir dëse Seminaire ausgestallt kréien.

An der Invitatioun am Downloadberaich, fannt Dir all weider Informatiounen. Dës Invitatioun ka gäre weider gedeelt ginn.

De Webinar gëtt organiséiert am Kader vun der Campagne «Méi Gréngs an eise Stied an Dierfer», déi finanziell vum Ëmweltministère ënnerstëtzt gëtt.