Wéi vill Schléifer goufe gemellt a wéi ass hir Verbreedung?
Wärend de Gaardeschléifer, de Siweschléifer an d’Hieselmaus aktuell gutt verstoppt an enger Äerd- oder Bamhiel, an engem Nistkasten, engem Gaardenhaischen oder (wee weess) bei Iech ënnert dem Dach hire Wanterschlof halen, maache mir eng kuerz Tëschebilanz vun eiser Aktioun Schléifer.
Insgesamt goufen am éischte Joer vun der Aktioun zesummen 58 Schléifer iwwert iNaturalist, E-mail oder Telefon gemellt.
Eng flott Zuel, bedenkt een, dass d’Schléifer virun allem Nuets ënnerwee sinn an och soss sou kleng a flénk sinn, dass ee scho ganz vill Chance muss hunn, fir engem Schléifer ze begéinen, oder souguer eng Foto ze maachen.
Trotzdeem konnte vun dësen 58 Observatiounen der 20 duerch eng Foto beluecht ginn. De Foto-Noweis mécht d’Observatioun nach méi wäertvoll, wëll se esou verifizéiert ass an an d’Datebank GBIF (GBIF—the Global Biodiversity Information Facility) vum natur musée opgeholl, a fir wëssenschaftlech Zwecker genotzt ka ginn.
De Gaardeschléifer – Virun allem am Oste vum Land ze fannen
De Gaardeschléifer gouf insgesamt 24 Mol gemëllt. Dermat ass hien deen am heefegste begéinte Schléifer vun der Aktioun. 9 Mol ass et gelongen en ze fotograféieren. Dobäi huet et sech awer leider zwee mol ëm doudeg Déiere gehandelt, déi eng „Begéinung“ mat enger Katz oder soss eng Gefor net iwwerlieft hunn.
Kuckt een op der Kaart vun iNaturalist, wou de Gaardeschléfer iwwerall gesi ginn ass, fält op, dass hie quasi exklusiv am Oste vu Lëtzebuerg, am Raum Ettelbréck an am Raum Furen/Veianen virkënnt. D’Verbreedungs-Kaart vum Gaardeschléifer ass awer mat Virsiicht ze kucken. Well hie bei iNaturalist als rart a bedrotent Déier agestuuft ass, ginn d’Beobachtungs-Punkte vum Gaardeschléifer net exakt op der Kaart ugewisen.
Ma onofhängeg vun dëser Kaart, ass den Oste vum Land dofir bekannt a senge Fielshäng, Dréchemaueren a nach vill Bongerte Gaardeschléifer ze hebergéieren.