Table ronde – BRISER LE CERCLE DE L’EMPOISONNEMENT

Bâtir le droit à un environnement sain…

… esou den Titel vun der Table ronde, déi den Dënschdeg de 27. September vun 12h15 bis 13h45 am Oekozenter Pafendall stattfënnt.

Obwuel d’Uwendung vu verschiddene geféierleche Pestiziden an der EU verbueden ass, fanne mir se weiderhin op eisen Telleren. Firwat? Well d’Produktioun vun dëse Substanzen, an och den Import vu Produiten déi mat dëse Substanze behandelt goufen, an der EU weiderhinn erlabt ass. D’Substanzen däerfen also net op europäeschem Buedem ausbruecht ginn, ginn awer /ënner anerem) an Europa produzéiert, exportéiert, an anere Länner genotzt, an da mam Uebst, Geméis, verschaffte Produiten, etc… nees importéiert.

Eng onméiglech an immens hypokritesch Situatioun, déi et ze ännere gëllt.

Zesumme mam:

  • Roger Dammé, Bio-Imker an engagéiert beim Mouvement Ecologique
  • Pascal Gbenou, Grënner vun engem Bauerenhaff am Benin, deen op Agroekologie spezialiséiert ass, an den Impakt vun Pestiziden bzw. hier Alternative studéiert.
  • Morgan Ody, Coordinatrice vu La Via Campesina, eng Organisatioun, déi 200 Millioune Klengbaueren aus der ganzer Welt representéiert.

gëtt diskutéiert, wéi eng Méiglechkeeten Instrumenter wéi d‘Déclaration des Nations Unies sur les droits des paysans et autres personnes vivant en milieu rural bidden, fir zesumme fir eng méi gesond Landwirtschaft ze kämpfen.

Op d’Table ronde invitéieren SOS Faim an de Mouvement Ecologique, zesumme mat den Amis de la
Déclaration des Droits des Paysans du Luxembourg an der Plattform Meng Landwirtschaft. 

Fir Snacks a Gedrénks ass gesoucht.

 

Umelle kënnt dir Iech iwwert E-mail un: dre@sosfaim.org

 

D’table ronde fënnt op franséisch statt.