Opgepasst viru Méiroboteren – eng déidlech Gefor fir Kéisécker a Co.

Wosst Dir: Meirobotere sinn eng déidlech Gefor fir de Kéisécker an aner Klengdéieren!! Méirobotere sinn ouni Gnod, si „zerschneiden“ Déieren. A grad Nuets, wann de Kéisécker ënnerwee ass, gi si leider oft agesat. Mam Resultat, datt vill Kéiséckere stierwen.

Duerfir: Schneit Är Wiss wa méiglech just 2-3 mol d’Joer wou et geet. D’Insekten, Kéisécker free sech, an Dir hutt eng Blummepracht. Wann Dir awer e Méiroboter asetze well daagsiwwer ass de Kéisécker manner ënnerwee.

Et gëtt och eng Affiche zum Thema. Wëllt Dir hëllefen déi ze verdeelen? Da sot eis Bescheed oder mailt eis (meco@oeko.lu), mir schécken Iech se gären. Dir kënnt se awer och an den Downloads eroflueden…