Méiroboteren – eng déidlech Gefoer fir d‘Déierewelt

Vill Leit verloossen sech mëttlerweil op de Méiroboter fir hieren Wuess niddereg ze halen. Dëst ass net just mat Bléck op d’Insektestiewen problematesch – d’Beien an d’Paiperleke fanne kaum Bléien op esou engem “engleschen Wuess”, wëll d’Wëllkräider a Staude keng Zäit hunn Bleien ze maachen, geschweige denn auszesoomen. Ma de Méirobotter mëcht net nëmme mat de Wëllkréider kuerze Prozess: och kleng Déiere wéi de Kéiseker, Spannen, Eidechsen a Blannschlécher gi vum Méiroboter niddergemetzelt. Kéisékeren si besonnesch a Gefor, well déi Meirobotere oft och Nuets fueren, an d’Kéiséckeren nuetsaktiv Déiere sinn.

Wien net ganz op den „engelesche Wuess“ verzichte wëllt, kann op verschiddenen Plaze vu sengem Gaart Wiss stoe loossen, déi just 1-2 Mol am Joer (oder sougur just ee Joer iwwert dat anert) geméit gëtt. Dës dengt dann als Refuge fir Wellkräider a soumad als Nahrungsquell a Liewesraum fir Beien a Päiperleken.
A fir d’Meien ass d‘Meimaschin déi besser Optioun. Wann Dir dann trotzdeem net wëllt op Äre Méiroboter verzichten fir de Wuess op Deeler vun Ärem Gaart kuerz ze haalen, da schalt en zumindest just Daags iwwer tëscht 10h a 17h un. Do ass de Kéisécker manner aktiv a leeft soumat manner Gefor Ärem Méiroboter ze begéinen.
Och beim Asaz vun engem Fräischneider soll een oppassen, dass een net iertemlecherweis ee Kéisécker, deen ënnert der Heck oder engem Koup Blieder oder Äscht rascht, verletzt.

Flott Iddien an Tipps fir d’Uleeë vun engem déierefrëndleche Gaart fannt Dir hei.