Faarweg an insektefrëndlech Bamscheiwen – och an Ärer Gemeng?! Bréifmodell vum Mouvement Ecologique

Am Kader vum Online-Seminär „Méi Gréngs an eise Stied an Dierfer – Den ëffentleche Raum fir a mat de Bierger*innen naturno gestalten“, huet de Mouvement Ecologique an den Oekozenter Pafendall ënnert anerem d‘Aktioun „Bamscheiwepateschaften“ virgestallt.

Et sollt awer net bei der Theorie bleiwen: Dofir hunn den Zenter an de Mouvement Ecologique selwer eng Patenschaft vun dräi Bamscheiwe virun dem Oekozenter iwwerholl. Dëst zesumme mat der Transitioun Uelzechtdall asbl an der Canopé Production asbl.

D’Pateschaft vu Bamscheiwen – oder anere klenge Gréngflächen – erlaben et den Awunner*innen den ëffentleche Raum mat ze gestalten. D’Gemeng gëtt Virgabe fir, z.B. d’Verwende vun insektefrëndleche Planzen an de Verbuet vu Pestiziden a cheemeschem Dünger, an d’Bierger*innen iwwerhuelen d’Verantwortung fir den Ënnerhalt.

Wëll dës Aktioun immens gutt ukomm ass, gouf ee Bréif entworf deen Dir kënnt notzen, wann Dir Är Gemeng wëllt ureegen, de Projet vun de Bamscheiwepateschaften ëmzesetzen.

Zousätzlech goufen Dokumenter aus der Gemeng Déifferdeng, Diddeleng an der Stad-Lëtzebuerg, déi dëse Projet schonn ëmgesat hunn, als Inspiratioun fir aner Gemengen zesummegestallt.

De Bréif esou wéi déi d‘Dokumenter fannt dir an den Downloads.

Informéiert eis gären iwwert de Feedback vun Ärer Gemeng iwwert E-Mail (michelle.schaltz@oeko.lu) oder Telefon (43 90 30-1).

Bamscheiwepatenschaft an der Rue Vauban

 

Sou lues erwächt d’Natur aus hirem „Wanterschlof“. Och de Wëllplanzesom deen d’Transition Uelzechdall asbl. wärend dem Oekofestival am September an zwou Bamscheiwen ausgeséit huet, si gekeimt a bedecken zwou virdru mat Mulch beluechte Baumscheiwen an der rue Vauban mat engem gréngen Teppech.

 

Leider hunn d’Bamscheiwe misse vu relativ vill Honds- an e wéineg Plastiksdréck gebotzt ginn. Fir d’Planze viru parkenden Autoen an hiren onopmierksame Besëtzer ze schütze goufen zwou Scheiwe mat engem liichten Zonk aus Hieselter-Péil a Ficelle ofgezéngt.