Déidlech Fale fir de Kéiseker – Trapen, Drot, Netzer & Co.

 

Et ass wichteg, datt de Kéisécker Passagen am Drot, an den Trennwänn a Maueren zum Noper huet.

E brauch nämlech eng ganz Rei vu Gäert als Revéier fir ze iwwerliewen a muss hei hin an hier goe kënnen! Zénk sinn eng Barrière fir de Kéisécker, wou e net derduerch kënnt oder dran hänke bleift. Maacht duerfir kéiséckergerecht (13x13cm) Lächer an Dréit a Maueren (z.B. https://www.hedgehogstreet.org/) oder nach besser: planzt eng Heck amplaz vun engem Zonk.

E flotten an originelle Kéisécker-Tunnel aus Holz kënnt Dir an eisem Shop bestellen.

     

.

An e kéiséckerfrëndleche Gaart gehéieren och keng Äerdbiernetzer oder aner Saache wou de Kéisécker kéint ëm d’Liewe kommen.

 

 

 

 

 

 

 

Och (Keller-)Trape kënnen zur déidlecher Fal fir de Kéiséker ginn. E kënnt se eventuell erof, ma net méi erop a verhéngert qualvoll, wann e net virdru fonnt gëtt. Fir dëst ze verhënnere kënnt Dir Zillen an d’Trape leeën. Sou ginn d’Ofstänn tëscht den Trape méi kleng an d’Gefor ass eliminéiert.

 

 

 

 

 

 

Och e Weier oder eng Schwämm mat ze géien Uwänner sinn eng reegelrecht Fal fir de Kéisécker, well en hei net méi eraus kënnt an erdrénkt. Leet an deem Fall einfach eng Ramp un, iwwer déi de Kéisécker eraus klotere kann, wann en emol an d’Waasser fält.

An dësem Video gëtt erkläert, wéi Dir esou eng „Kéiseker-Trap“ selwer bastele kënnt: Natur Garten – basteln für den Igelschutz. 

 

 

 

 

Méi Informatiounen zum Kéisker, a wéi Dir Äre Gaart kéisekerfrëndlech gestallte kënnt, fann dir hei: http://naturelo.meco.lu/de-keisecker/