De Kéisécker privat

 

Wou kënnt de Kéisécker vir?

An Europa kommen 2 verschidde Kéisécker-Aarte vir, zu Lëtzebuerg nëmmen de „Braunbrust- oder Westigel“ (Erinaceus europaeus L.). De „Nördlichen Weißbrustigel“ (Erinaceus roumanicus) gëtt et nëmmen an Osteuropa.

Eist eenheemescht Däreldéier lieft als Eenzelgänger an naturnoe Gäert, Bongerten a Parken oder Hecken a Bëschränner.

 

Wéi lieft de Kéisécker a wat steet op senger Menüskaart?

Kéisécker kënnen a Fräiheet bis zu 7 Joer al ginn (woubäi 2-4 Joer den Duerchschnëttsalter ass). Si sinn dämmerungs- an nuetsaktiv Mamendéieren, gesinn net besonnesch gutt, mee hunn duerfir eng aussergewéinlech gutt Nues!

Um Kéisécker sengem Menü stinn haaptsächlech Schleeken, Reewierm a buedemliewend Kiewerleken, Ouerewierm oder Schwéngercher (Kelleraasselen). Seng Beute gëtt „erschnoffelt“ an da mat haardem Schmatzen gefriess

E schmatzende Kéisécker:

 

Wéi ass dat mam Nowuess beim Kéisécker?

No der Puerung (gaaanz virsiichteg …!‘) tëscht Mee an August kommen no e bësse méi wéi engem Mount meeschtens 3-5 Jonker blann op d’Welt, déi dann annerhallwe Mount vun der Mamm geniert ginn. Kéisécker friessen sech am Hierscht e Fettpolster un an halen en echte Wanterschlof vun November bis Enn Mäerz.

Wéi kënnt de Kéisécker u seng Stachelen?

Charakteristesch fir de Kéisécker sinn seng 6.000 – 8.000 Stachelen, déi biologesch gesinn Hoer sinn, déi mat Horn (Keratin) verstäerkt sinn, fir sech géint natierlech Feinden, wéi Marder a Fuuss, ze schützen.

Allerdéngs geet dëst Stachelkleed net duer fir sech en Duess (Dachs) vum Läif ze halen, dee mat senge kräftege Patten den zesumme gerullten („ageigelten“) Kéisécker ausernee ka rappen. Och géint déi laang Kralle vum Uhu ass dës Rüstung vum Kéisécker kee Schutz. Dës gréissten Eil schielt (wéi déi Foto hei dernieft beweist) e Kéisécker reegelrecht aus senger Haut, iwwreg bleiwe just nach d’Picken.