Gitt kéiséckerfrëndlech Gemeng!

Och Gemenge kënnen a sollen hire Bäitrag leeschten! Genau wéi Privatleit sollen si oppassen, datt keng Zénk Barrière duerstellen, déi net ze iwwerwanne sinn, naturno Anlage gestalten, fir Plaze suerge wou de Kéisécker sech ka verstoppen a villes méi (liest Detailer ënnert “Maacht mat – e kéiséckerfrëndleche Gaart”.

Wann Dir als Gemeng matmaacht: dann informéiert eis doriwwer! Gäre verëffentleche mir Fotoen dervun (och an der Memberzäitschrëft vum Mouvement Ecologique): meco@oeko.lu.

Mir wiere frou, wann Dir Flyere, déi mir fir des Aktioun gedréckt hunn, géift bei Iech an der Gemeng an op ëffentleche Plazen ausleeën an och déi eng oder aner Affiche géingt ophänken. De Bestellschäin fir d’Flyeren an d’Affichen fannt Dir hei (PDF)